Zu Hangzhou an der ostchineesescher Provënz Zhejiang ginn an engem extraen Zenter fir KI gesteiert Roboter héichmodern Humanoiden op déi richteg Aarbechtswelt virbereet. Journaliste vum China News Service konnten hannert d'Kulisse kucken a krute gewisen, wéi dës Roboter net just léiere goen oder Saachen ze gräifen, mä wéi si och Schratt fir Schratt op reell Situatiounen, déi si an der Aarbechtswelt wäerten untreffen, preparéiert ginn.
Fir en optimaalt Resultat z'erzielen, ginn am "Embodied AI Demonstratiouns- a Promotiounscenter", wat als Haaptprojet um Site an d'Vitrinn gestallt gëtt, aktuell iwwer 140 Roboter, déi mat KI equipéiert sinn, agesat a forméiert. Op der Plaz gi si bal 40 verschiddene Zenarien trainéiert an et kommen nach 20 Ëmfelder, wou si Daten erfaassen, mat dobäi. Dës all goufen extra fir den Training vun de Roboter ausgeschafft.