
Huescht-Folscht huet mam Jan Zibrat ee vu sengen Toppspiller verluer, mee mam Damien Llorca huet een e staarken Ersatz fonnt. "D'Zil vum Veräin war et, de Jan Zibrat mat engem Toppspiller ze ersetzen an dat ass eis mam Damien Llorca och gelongen", seet de Kevin Kubica. No den éischte Matcher hätt een do awer eréischt Gewëssheet, mee et wier ee ganz zouversiichtlech. Ee vun den Haaptkonkurrenten am Kampf ëm de Championstitel ass sécherlech den DT Houwald. D'lescht Saison hat een net onbedéngt domat gerechent, datt den Houwald esou staark wier, ma fir déi nei Saison ass een elo gewarnt. Mam Aaron Sahr huet een e villverspriechend Talent a senge Reien, iwwerdeems de Leo Vekic an de Benjamin Rogiers zu de beschten Eenzelspiller aus dem Land zielen. Komplettéiert gëtt d'Ekipp vum fréieren Nationalspiller Marc Dielissen. Och mam DT Recken muss ee rechnen, et ass "ëmmer eng geféierlech Ekipp", mengt de Kevin Kubica. Wuel hunn déi Reckener mam Gene Wantz an dem Luca Elsen zwee Spiller verluer, mee et konnt ee sech mam Mirko Habel verstäerken, dee scho viru Joren zu de beschte Spiller aus dem Land gehéiert huet.

Déi Ekipp, déi sech an den Ae vum Kevin Kubica awer am beschte verstäerkt huet, ass den DT Fluessweiler. Mam Cédric Merchez huet een eng Nummer 1 bäikritt, iwwerdeems de Rescht vun der Ekipp beienee bliwwen ass. D'lescht Saison huet een nach géint den Ofstig gespillt, dës Saison ass dem Kevin Kubica no de Playoff sécherlech dran an och do kéint een deem eng oder anere Géigner sécherlech wéidoen.
Ma och den DT Lénger huet mam Pit Scholtes ee ganz gudden Transfert gemaach, seet de Kevin Kubica. De klenge Brudder vum Nationalspiller Tom Scholtes ass vu Lenneng op Lénger gewiesselt a wäert do zesumme mam Zoltan Fejer-Konnerth, Christian Kill, Arlindo de Sousa an Noah Valente spillen. Net méi an der Ekipp ass de fréieren Nationalspiller Gilles Michely, dee sech jo dofir decidéiert huet, seng Rackett un den Nol ze hänken.

Och beim DT Berbuerg gouf et e puer Changementer. De Loris Stephany an den Tom Scholtes hunn allebéid de Veräin a Richtung Ausland verlooss, iwwerdeems déi zwee Jugendspiller Sam Habscheid a Vincent Schlotthauer nei am Veräin sinn. Hei muss ee kucken, wéi déi zwee Nowuessspiller sech schloen, ma d'Zil vum Veräin wäert trotzdeem eng Plaz am Playoff sinn.
D'Iwwerraschungsekipp vu leschter Saison war kloer den DT Lëntgen. Mam Gaetan Swartenbrouckx, Robin Saudemont an de Bridder Max a Philip Theisen schéckt den DT Lëntgen déi nämmlecht Ekipp an d'Course wéi och déi lescht Saison. Fir de Kevin Kubica kéint Lëntgen och an der neier Saison nees iwwerraschen, virun allem déi zwee jonk Spiller, de Max a Philip Theisen, wieren ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt. Eng weider Ekipp, bei där et par rapport zur leschter Saison keng Changementer gouf, ass Esch Abol. D'Ekipp aus dem Süde vum Land hat d'lescht Saison de Playoff knapp verpasst an dierft et och dës Saison schwéier kréien. Déi zwee Opsteiger si Bartreng an d'Union. Iwwerdeems Bartreng mat der nämmlechter Ekipp wéi d'lescht Saison untrëtt, huet d'Union sech mat enger neier Nummer 1 verstäerkt. Dem Kevin Kubica no dierften awer béid Veräiner et schwéier hunn, fir Punkten ze sammelen. De Spiller vun Hueschtert-Folscht gesäit seng eegen Ekipp, genee wéi den Houwald, Lénger, Fluessweiler a Recken scho relativ sécher am Playoff, iwwerdeems déi aner Ekippen dann nach ëm déi sechst an domat lescht Playoff-Plaz kämpfe wäerten.