Automag - Am AlldagstestToyota GR Supra Lightweight EVO 3.0 M/T

Andy Brücker
Fir d'Enn vun der Supra mat BMW-Technik anzelauden, hat Toyota nach emol eng Sondereditioun erausbruecht.

An dësem Automag stellt eis den Andy Brücker en Auto vir, bei deem d’Viraussetzungen anerer sinn, wéi soss bei sou engem Autotest. Wouropper genee baséiert déi Ausso?

Automag: Toyota GR Supra Lightweight EVO

Majo et ass esou, dass mer jo meeschtens Autoen ze teste kréien, déi entweder grad nei op de Marché komm sinn, oder awer Autoen, déi mol nach net ze kréie sinn, ma wou mir awer schonn d'Geleeënheet haten e Bléck drop ze werfen, respektiv d'Chance haten e scho fueren ze dierfen.

An dat ass bei dësen Autotest anescht?

Genee sou ass et... Et handelt sech ëm den Toyota GR Supra Lightweight EVO 3.0 M/T. Dat ass eng Sondereditioun, déi Toyota erausbruecht huet, fir dee Supra-Modell nach emol héich liewen ze loossen, éier en net méi gebaut gëtt. Allerdéngs krute mir den Auto sou spéit an de Presse-Fuerpark, dass deen Ament wou ech den Auto kritt hunn, scho guer kee méi bei Toyota ze bestelle war. Dësen Test riicht sech deemno wuel just nach u Leit, déi sou een Auto eventuell emol an der Occasioun kafe wëllen.

© Andy Brücker

Wat waren dann deng éischt Andréck hannert dem Steier?

D’GR Supra Lightweight EVO gëtt als Fuermaschinn beschriwwen, déi dem Chauffer nach e bessert Fuergefill soll ginn. Dofir gouf en elektronesch verstellbaart Fuerwierk verbaut, d’aktiivt Differential nach emol nogeschäerft, méi steif Stabien, méi steif Gummilager, verbessert Aerodynamik a méi eng grouss Brems... ma ech muss soen, ech war am Ufank wierklech e bëssen enttäuscht. D'Fuerverhale war alles anescht wéi agreabel, jo souguer éischter scho bal, dass ech et geféierlech fonnt hunn. Et huet mer keng Rou gelooss, wisou dat sou sollt sinn... ech konnt mer net net virstellen, dass DAT soll déi versprache Fuermaschinn sinn.

© Andy Brücker

Et brauch ee jo ëmmer e bëssen, bis ee sou een Auto kenneléiert an ech taaschte mech do meeschtens éischter virsiichteg erun. Ech ginn zou, et huet dann och 2-3 Deeg gedauert, bis ech dohannert komm sinn... et war tatsächlech de Loftdrock an de Pneuen, deen net gepasst huet. Hanne war vill ze vill Loft an de Pneuen, wouduerch déi immens haart waren an den Auto doduerch op der hënneschter Achs een ëm d'anert Mol onroueg ginn ass. Wou ech dee bis ugepasst hat, war et e ganz anert Fuerverhalen an ech hu gemengt ech géif an engem aneren Auto sëtzen. Ech konnt dunn och eréischt ufänken d’Fuere mat der Supra ze genéissen.

Am Numm vum Auto steet de Begrëff "Lightweight", den Auto soll deemno méi liicht sinn?

D’Betounung läit hei op «soll», well wierklech vill Ënnerscheeder zu der normaler Supra mam 3 Liter Motor Reiesechszylinder Turbomotor a manueller Boite gëtt et net. Jee no Equipement, kann ee soen, dass et eventuell bis zu 30 Kilogramm sinn, déi ee spuert. Bei 340 PS a 500NM Dréiemoment, weess ech net, ob een normale Chauffer dat spiert. Et sinn éischter d’Ännerungen un der Ofstëmmung vum Chassis, der verbesserter Aerodynamik an der méi exklusiver Ausstattung, déi hei den Ënnerscheed maachen.

© Andy Brücker

Wat ass dir dann nach opgefall beim Fueren... positiv an negativ?

Ugefaange mol bei der Sëtzpositioun. Déi ass a mengen Aen en Tick ze héich. Ech sinn alles anescht wéi grouss, an awer hätt ech mer gewënscht, dass ee méi niddreg sëtzt, fir nach e bessert Gefill vun deem ze hunn, wat den Auto mécht. D’manuell Boite ass knackeg a passt gutt bei de Motor aus dem Haus BMW. Dee lauschtert iwwerdeems op d’Kennung B58, an dat ass ee vun de beléiftsten a beschte Motoren aus dem Haus BMW aktuell. Deen ass iwwregens och am BMW Z4 M40i verbaut... deen och soss vill gemeinsam mat der Supra huet.

© Andy Brücker

Ma zeréck bei d’6-Gang-Schaltung. Et ass Kritik op héijem Niveau, ma iergendwéi huet et sech bei de Schaltvirgäng ugefillt, wéi wann ee géint eng Zort Gummi-änleche Widderstand géif drécken, éier den nächste Gang draflutscht. Et ass ëmmer nëmmen e klenge Moment... Et ass net sou reng mechanesch, wéi ee sech dat bei sou engem Sportwon kéint wënschen. Et ass schwéier ze beschreiwen, ma eventuell ka jo een dat novollzéien, deen och sou eng Supra huet.

© Andy Brücker

Fueren deet sech d'Supra gutt... de Motor huet masseg Leeschtung an Dréimoment. Eigentlech kéint ee scho bal nom Ufuere vum 1. direkt an de 6. Gang schalten an da just gemittlech cruisen. Déi aner Gäng si just do, wann een et mol méi sportlech ugoe wëll. An dee Risk besteet natierlech bei deem Auto, well op der Landstrooss mécht e richteg vill Spaass!
Mäi Verbrauch louch bei 9,4 Liter op 100 Kilometer an ech si ronn 500km mat engem Tank komm, wat absolutt korrekt, bei sou vill Fuerspaass wéi ee mat deem Auto kann hunn.

© Andy Brücker

Komme mer nach kuerz op eppes ze schwätze, wat mer bei den Astellunge vum Auto opgefall ass. Wann een de Lane-Assist wëll ausschalten, well een net wëll dass den Auto engem stänneg digital an d'Steierrad gräift, muss een de Fuermodi op «Individual» stellen an et do ausschalten. Ech hunn op alle Fall keen anere Wee fonnt, wat ech dach Schued fannen. Wann et iergendwou ee Knäppchen dofir gëtt, hunn ech en net fonnt.

Enttäuscht war ech, dass ech als Android-User ausgeschloss gouf... well Android-Auto war net disponibel bei deem Auto.

Wourunner erkennt een dann, dass et sech ëm eng GR Lightweight EVO-Supra handelt?

Um Heck ass e méi groussen Ducktail aus Carbon verbaut, deen dem Auto richteg gutt steet. Un de viischte Kotfligele ginn et nei Loftleitblecher, déi de Loftstroum ronderëm d’Rieder verbesseren.

© Andy Brücker

Den Auto steet op matt-schwaarzen 19 Zoll Schmiedefelgen, déi extra fir den EVO entwéckelt goufen, an hannert deene méi grouss, rout Brembo-Bremse en doheem fonnt hunn, wou de GR-Logo drop ze gesinn ass.

© Andy Brücker

Am Interieur sinn et d’Sportsëtzer am Alcantara, rout Gurter a rout Akzenter ronderëm de Schalthiewel, déi erausstiechen.

© Andy Brücker

Schued ass e bëssen, dass et un der Karosserie eng ganz Partie ugedeite Loftféierunge gëtt, ma wann een da vu méi no kuckt, sinn doranner Plastiksgittere verbaut, déi komplett zou sinn, a just undeiten, dass sech do e Loftkanal kéint befannen, fir eppes ze killen oder d'Aero ze verbesseren.

© Andy Brücker

D’Fro ëm de Präis eriwwregt sech quasi, well een den Auto net méi nei bestelle kann, ma wat huet en da kascht?

Fir eng nei GR Lightweight Supra EVO huet ee ronn 80.000 Euro mussen op den Dësch leeën. Et ginn der net vill um Marché... deemno ka se sech um Occasiounsmaart eventuell an Zukunft als interessant Optioun presentéieren.

© Andy Brücker

Iwwregens gëtt et nach méi en heftege Modell vun der Supra, nämlech den A90 Final Edition mat 441 PS, limitéiert op 300 Exemplairen. Dofir ginn aktuell ronn 140.000 Euro gefrot! Avis aux amateurs!

Back to Top
CIM LOGO