Op der PompelDiesel a Masutt ginn nach emol méi bëlleg

RTL Lëtzebuerg
No de Baissë vun iwwer 10 Cent dës Woch ginn d'Präisser vum Diesel a vum Masutt weider erof.
© Domingos Oliveira

Den Diesel gëtt weider 5,5 Cent méi bëlleg a kascht deemno vun e Freideg un nach 1,798 Euro de Liter.

Och beim Masutt ass et eng Präisbaisse vu 5,5 Cent. Hei kascht de Liter vun e Freideg un dann nach 1,289 Euro.

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO