
Wien de Moie vun der Stad aus iwwer d'A4 op Esch gefuer ass, deem war opgefall, datt op de Signalisatiounspanneau ze liese war, dass et kee Sprit op der Bensinnsstatioun zu Steebrécken géif ginn.
Op Nofro beim CITA war et d'Informatioun, dass et sech ëm déi nei Tankstell handelt, déi op der Autobunn a Richtung Esch läit. Et géif sech ëm eng geplangte Maintenance handelen an dofir hätt een d'Automobiliste via Panneauen informéieren. Et wier deemno kee Spritmangel.

D'Entretiensaarbechten sollten dem CITA géint 16 Auer um Dënschdeg ofgeschloss sinn. Et waren Aarbechten, déi esou all 5 Joer mussen duerchgefouert ginn, sou d'Ausso vun engem vun de Responsabele vun der Maintenance-Ekipp.
Den Accès op d'Statioun war awer och elo weiderhi méiglech an och de Shop ass op. Fir d'Leit, déi hiren Elektroauto wollte lueden, gouf et deemno och keng Restriktioun.
E Mëttwoch de Moie wäert den Accès fir d'Camionen nach emol mussen zougemaach ginn, fir do final Aarbechten duerchzeféieren.
Ponts et Chaussées hunn d'Ofspärungen installéiert, fir déi néideg Sécherheet ze garantéieren.
