
E Méindeg hu sech zwee onbekannt Täter géint 15 Auer Zougang an en Haus an der Route de Bissen zu Méchelbuch (Viichten) verschaaft. Éischten Ermëttlungen no goufen déi presuméiert Täter vun der Bewunnerin am Haus iwwerrascht. Wéi déi Onéierlech du probéiert hu, fortzelafen, huet d'Fra probéiert si do drun ze hënneren. Dobäi gouf si op d'Säit gestouss.
Kuerz drop hunn déi zwou onbekannt Persounen d'Haus verlooss a sinn an engem Gefier, dat virum Haus stoung, geflücht. Wéi d'Bewunnerin probéiert huet, och hei d'Persounen ze stoppen, gouf si vum Gefier ugestouss a blesséiert. Si koum fir eng medezinesch Versuergung an d'Spidol.
D'Täter sinn an engem schwaarzen Audi A6 mat däitsche Placken a Richtung Mäerzeg fortgefuer. Eng Sich no de Persounen ass ouni Suitte bliwwen. D'Ermëttlunge lafen.
Eventuell Zeien, déi Informatiounen zu dësem Virfall hunn, solle sech beim Policebüro Turelbaach ënnert der Nummer (+352) 244 85 1000 oder iwwer E-Mail-Adress op Police.turelbaach@police.etat.lu mellen.
E Sonndeg den Owend gouf der Police e Mann zu Schëffleng gemellt, deen e puer Mol un enger Dier geschellt hat. Wéi hie vun der Police iwwerpréift gouf, huet sech erausgestallt, dass géint de Mann e "Mandat d'amener" virlouch.
Hie konnt no enger Sich zu Esch ugetraff ginn, gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
E Méindeg den Owend gouf der Police en Abroch an e Wunngebai am Neiduerf an der Stad gemellt. Hei sollen d'Täter eng Fënster ageschloen hunn an e puer Reim duerchsicht hunn.
An der Nuecht op en Dënschdeg huet sech en onbekannten Täter iwwert en hënneschten Agang Zoutrëtt an e Café an der Rue Auguste Charles zu Bouneweg verschaaft. Hei huet den Täter Borgeld geklaut an ass kuerz drop an eng onbekannte Richtung fortgelaf. A béide Fäll goufen Ermëttlungen ageleet.