
Wéi lokal Autoritéite matgedeelt hunn, ware siwen Touristen u Bord vum Helikopter, wéi et zum Ongléck koum. "Ech ka confirméieren, dass et sech ëm en Accident handelt; et gi keng Iwwerliewender", sou de lokale Loftfaart-Vertrieder géintiwwer der Noriichtenagence AFP. Hir Nationalitéit ass bis ewell nach onkloer.
An engem Video op de soziale Medie gesäit ee schwaarzen Damp iwwert der Onglécksplaz um Bord vum Ololokwe-Bierg. Den 2.000 Meter héije Bierg gëllt beim Samburu-Vollek als helleg an ass e beléiften Zil fir Wanderungen. Sëllegen Organisateure bidde Flich iwwer de Bierg un.
Wéi d'Agence weider matdeelt, war den Helikopter am Loisaba-Schutzgebitt gestart an ass géint 09:13 Auer aus nach ongekläerter Ursaach erofgefall. Rettungsekippe vum Roude Kräiz goufen op d'Plaz geschéckt.