
Am US-amerikanesche Philadelphia dreift e Mann, dee sech mat enger Halloween-Mask verkleet huet, zanter enger Woch säin Onwiesen a suergt fir Angscht bei den Awunner. Wéi d'lokal Police en Dënschdeg matgedeelt huet, gëtt elo ëffentlech nom Suspekte gesicht, deen onschëlleg Foussgänger terroriséiert an dreet, si ëmzebréngen. Schonn eng hallef Dose Leit goufe menacéiert.
Den 12. August koum et ëm 5:30 Auer Lokalzäit zu engem Virfall, dee mat Hëllef vun enger Iwwerwaachungskamera konnt opgeholl ginn. Eng Fra vu 40 Joer gouf vum Onbekannten an der onheemlecher Poppe-Mask op oppener Strooss verfollegt. Hien hätt eng Hand um Réck gehat a soll si gefrot hunn, ob si "prett wier, ze stierwen". D'Fra ass wärend hirer Flucht gefall an huet sech blesséiert. De Mann wier dono an eng Metrosstatioun geflücht.
Elo goufen éischt Biller vum Verdächtege verëffentlecht, an der Hoffnung, dass hie kann identifizéiert ginn. Et soll sech ëm e Mann mat donkeler Hautfaarf handelen, deen op 16 bis 20 Joer geschat gëtt. Wéi et heescht, géif hien d'Virfäll selwer filmen an dobäi en Telefon mat ageschalter Luucht an der Hand halen.