Mat ale Steng Sue fir ee gudden Zweck sammelen, no deem Motto verkeeft d'ONGD "Guiden a Scouten fir ENG Welt" am Moment fréier Deeler vun der Balustrad vum Pont Adolphe. Dës krute si no der leschter Renovatioun vun der Neier Bréck vun de Ponts et chaussées zur Verfügung gestallt.
De Bau vum Pont Adoplphe huet vun 1900 bis 1903 gedauert. Benannt ass déi "Nei Bréck", wéi se am Volleksmond nach genannt gëtt, nom deemolege Grand-Duc Adolphe aus dem Haus Nassau.
D'Bauwierk, dat d'Alstad mam Garer Quartier verbënnt, huet eng Längt vu méi wéi 150 Meter an eng Héicht vun iwwer 40 Meter. Zu där Zäit, wou et entstanen ass, war et eppes Eemoleges an huet och haut fir vill Leit nach ëmmer eng grouss Bedeitung.
D'Marie-Anne Werner, zanter ville Jore bei de Scouten engagéiert:
Déi war bal 10 Joer laang déi gréisste Bréck mat deem Bou, déi aus Bëtong gebaut war – et war eng innovativ Bréck. Anerersäits ass et eng Bréck, déi einfach zwee Deeler vun der Stad verbonnen huet an ech mengen, et ass ee richtegt Häerzstéck vum Land, mir gesi jo neierdéngs och all Joer d'Freedefeier vun där Bréck erof, dat ass wonnerschéin.

Am Laf vun de Jore gouf d'Bréck deels ënnerschiddlech genotzt a war och Zeie vu mol méi skurrillen, mol méi historeschen Evenementer, wéi d'Marie-Anne Werner weider erzielt:
Als Kand hunn ech de Charly nach gesinn driwwer fueren an och déi al Trammen. Als Kand hunn ech och alt gesinn, wann den Zirkus koum, da sinn d'Déiere mam Zuch bis op d'Gare komm an da sinn d'Déieren zu fouss bis op de Glacis gaangen. Ech ka mech erënneren, datt ech Elefanten a Giraffe gesinn hunn, dat war zimmlech speziell. Ech ka mech awer och als Kand erënneren, do stoung ech ganz no bei der Neier Bréck, wéi de Prënz Jean an d'Prinzessin Joséphine-Charlotte bestuet gi sinn an ech hunn do hanne vum Eck eriwwer gewénkt gehat.
D'Biller vun der leschter Renovatioun tëscht 2013 an 2017 dierften nach ville Leit am Gediechtnes sinn. D'Bréck war deels ganz an eng Baatsch agepaakt an niewendru gouf eng provisoresch blo Bréck opgeriicht.
De Pont Adolphe gouf awer net nëmme renovéiert, mee och méi breet gemaach. Dowéinst war et néideg, d'Balustraden ze verréckelen.
Déi am Ganze 500 Pottoen, déi aus dem franséische "Pierre d'Euville" hiergestallt waren an Ufank de 60er Joren ubruecht goufen, goufen duerch Pottoen aus Lëtzebuerger Sandstee vun Iernzen ersat. Vun deenen ale Pottoe sinn der eng 200 beim Austauschen net futti gaangen an d'Ponts et chaussées hunn decidéiert, se der d'ONGD "Guiden a Scouten fir ENG Welt" ze schenken.
Déi verkafen elo d'Pottoe fir 175 Euro d'Stéck. No e bëssi Skepsis am Ufank leeft d'Vente mëttlerweil richteg gutt, sou d'Marie-Anne Werner:
Am Ufank ass et wierklech eng ganz apaart Iddi an als zweet seet ee sech, wéi flott. Dat huet net jiddereen am Gaart, ech mengen, déi meescht Leit, déi dat kaaft hunn, déi stellen dat an hire Gaart. Dir kënnt ee Blummestack dropsetzen, Dir kënnt et nieft eng Bänk setzen, da stellt Der Är Taass Kaffi drop an an engems ass et do, fir schéin ze maachen.
D'Suen, déi duerch d'Vente vun de Pottoen erakommen, dierften an een oder méi Schoulprojeten an Afrika oder Südamerika fléissen.
Wat de Pont Adolphe ugeet, kann een zanter 2017 net just iwwert, mee och ënnert der Bréck erduerch trëppelen oder mam Vëlo fueren.
Wärend den Numm Pont Adolphe wéi ernimmt op de fréiere Grand-Duc Adolphe zeréckgeet, déngt de Spëtznumm "Nei Bréck" iwwregens als Ofgrenzung zum Pont Viaduc, och nach Passerell genannt. Déi war schonn 1861 fir den Trafic opgaangen a krut hire Spëtznumm "Al Bréck" am Joer 1900, wéi mam Bau vun der Neier Bréck ugefaange gouf.
D'Pottoe kann een iwwregens hei kafen.