Zanter 20 Joer huet d'Air Rescue e spezielle Behälter, dee fir Läschaarbechte genotzt ka ginn. An den Asaz koum en awer nach ni, mëttlerweil ginn d'Piloten och net méi ausgebilt, fir domat ze fléien. Bei der Air Rescue hofft een, dass dat sech geschwënn ännert.
Zu Lëtzebuerg géingen et vill Géigende ginn, déi schwéier mat Läschgefierer z'erreeche sinn an an deene Läschaarbechten aus der Loft sech géingen ubidden. Dat schreift d'Air Rescue an engem rezente Facebook-Post a wonnert sech, dass de CGDIS net interesséiert wier, en Helikopter wärend der Saison ëmmer bereet ze halen. Den CSV-Inneminister Léon Gloden ass net begeeschtert vun der Aart a Weis vun der Air Rescue, wéi hien e Mëttwoch am RTL-Interview sot.
"Ech sinn der Meenung, et soll ee Face-à-face matenee schwätzen an net iwwer Facebook-Posten. Dofir hunn ech och de Moien dem Här Closter ugeruff an op meng Initiativ wäert am September eng Reunioun mat mir, mam CGDIS a mat Air Rescue stattfannen, fir dat do ze beschwätzen an ze kucken, wéi ee kann effikass zesumme schaffen."
Bei informelle Gespréicher zu deem Thema wier ee bis ewell net viru komm, seet de Jan Saubain, adjoint-medezineschen Direkter bei der Air Rescue. Virun 20 Joer schonn hat den Inneministère e spezielle Behälter fir Läschaarbechte finanzéiert. Dee wier awer bis elo ni an den Asaz komm a mëttlerweil wier een och net méi prett, fir domat ze fléien.
"Hier müssen wir 2 Hubschrauber wieder mit der Provision ausstatten, um dieses Bambi-Bucket überhaupt anhängen zu können. Die zweite Sache ist das Crew Training. Crew Training ist für den späten Winter anvisiert, um im Frühjahr 2027 die Operation gezielt anbieten zu können."
Et dierft een ni Nee soen, seet den Direkter fir d'Logistik bei den Nout- a Rettungsdéngschter Alain Di Genova. D'Vegetatioun zu Lëtzebuerg wier awer anescht wéi zum Beispill a Frankräich.
"Eis Feiere sinn éischter Feieren, déi sech degagéieren iwwert de Buedem, wou mer am Fong geholl massiv mussen an den Terrain eragoen a Schneise schneiden a Bekämpfung um Buedem maachen. Et ass en anert Feier wéi dat a Frankräich, wou ee Piniebëscher huet, déi ganz héich Krounen hunn a wou da ganz grouss Degagementer vu Feier uewe gemaach gëtt, wou de Wand dat och ganz séier ka propagéieren."
Hie wier keen Expert, wat Vegetatioun a Bësch ugeet, seet dozou de Jan Saubain vun der Air Rescue, ma et wéilt een déi Kapazitéiten ubidde kënnen. Et géingen och nach aner interesséiert Partië ginn.
"Wir stehen im engen Kontakt mit der Provinz Luxemburg in Belgien, mit Rheinland-Pfalz und im Saarland, um eben dieses Projekt als Zivilschutzmaßname anbieten zu können."
D'Air Rescue ass motivéiert, mam Helikopter ze läschen. D'Fro, déi sech stellt, ass awer déi vun der Finanzéierung.
Am September sollen d'Air Rescue, de CGDIS an den Inneminister sech gesinn, fir doriwwer ze beroden, ob an ënnert wéi enge Konditiounen d'Air Rescue an Zukunft an der Lutte géint Bränn ka mat agebonne ginn.