
Dat am Fall vu Bëschbränn a schwéier zougängleche Gebidder. Den Inneminister Léon Gloden huet elo reagéiert, an eng Reunioun am September aberuff, bei där hien d'Air Rescue zesumme mam CGDIS wëll gesinn, fir ze kucken, wéi een effikass zesumme kéint schaffen.
Den Alain Di Genova, Direkter fir d'Logistik beim CGDIS, gëtt awer ze bedenken, dass d'Vegetatioun hei am Land eng aner wier, wéi beispillsweis a Frankräich, a Bëschbränn an éischter Linn géinge vum Buedem aus bekämpft ginn. Wat awer Hëllef ugeet, sollt een trotzdeem nimools ni soen.