Méi no bei eis ass och de Rhäin an der Dréchent keng Ausnam. Reen ass keen a Siicht. Iwwer déi reng ekologesch Konsequenzen eraus, gëtt den Impakt op d'Wirtschaft och ëmmer méi spierbar. Bis bei eis op Lëtzebuerg, wou den Hafe vu Mäertert direkt betraff ass.
Wochelaang Hëtzt, a vill ze wéineg Reen. Dëse Summer geet an d'Geschicht als deen an, wou och dem Rhäin d'Waasser ausgeet. Mat historesch déiwe Peegel. An dat, net wéi an der Vergaangenheet, emol sporadesch, Enn Summer oder am Hierscht. Ma elo, Ugangs August.
Zu Bingen um Rhäin sinn d’Leit besuergt. Den Ament pendelt d'Fär tëscht Bingen a Rüdesheim nach hin an hier. D'Schëffer, déi d'Touriste laanscht d'Loreley bréngen, hänken awer schonn zanter iwwer 10 Deeg um Quai fest. D'Hotelsschëffer an déi grouss Frachtschëffer waren déi éischt, déi wéinst dem Niddregwaasser net méi fuere konnten. Op Plazen ass déi sou genannt "Fahrrinne" net emol nach 1,40 Meter déif. Den Impakt dovun ass wäit iwwer de Rhäin eraus spierbar. Bis d'Musel erop, op Mäertert.
"Hei am Hafe kënne mer aktuell nach Schëffer belueden. Mir kënne se awer nëmmen zu 25 bis 30 Prozent belueden. Et muss ee sech virstellen, dat si Schëffer, déi kënnen 2.000 Tonnen huelen. An an dësem Fall leie mer esou ëm déi 450 bis 500 Tonnen", sou d’Erklärung vum Gilles Braquet, Generaldirekter vu Luxport. Vill Spillraum bleift net.
Och op der Musel gëtt et kaum nach Stréimung. D'Schleise maachen et awer méiglech, e gewësse Waasserstand ze halen. Där ginn et keng um Rhäin, der ronn 700 Kilometer laanger Verkéiersoder tëscht Rotterdam a Basel, op deenen all Dag Pëtrolsproduiten, Sand, Dünger, Stol, a Container voller Gidder transportéiert ginn. Bis Enn der Woch ginn nach sechs Schëffer am Merterhafen erwaart, déi mat limitéierte Capacitéiten de Rhäin erop kommen. Fir de Rescht muss ëmgeplangt ginn.
De Gilles Braquet: "Mir am Hafen hunn e grousse Virdeel, dass mer Trimodal opgestallt sinn. Dat heescht, alles wat elo net op d'Schëff geet, kënne mer op d'Bunn oder op d'Camionen auswäichen. Dat fonctionéiert och relativ gutt. Dat heescht, mir kënnen déi Capacitéite vun där enger Säit op déi anerer Säit switchen an dann och dem Client weider de Service bidden.
Et bleift d’Gefor, datt d’Liwwerketten aus dem Rhythmus geroden. Käschteméisseg gëtt et natierlech en Ënnerscheed, wéi vill Tonnen op wat fir eng Manéier transportéiert ginn . Ënner 400 Tonne kann d'Schëff knapps mathalen. Op der anerer Säit ass et Defi, an Zäite wéi dësen, déi néideg Zuel u Camionen, respektiv Zuchwaggone mobiliséiert ze kréien, fir d'Schëff z'ersetzen. Mam reelle Risiko, datt déi ganz Transportketten aus dem Rhythmus geréit, wat d'Niddregwaasser méi laang dauert. Eng vun de sensibele Wuere sinn hei Pëtrolsproduiten. Am Weste vun Däitschland zéien do d’Präisser schonn un. Bei eis gouf iwwerdeems scho kuerz ganz lokal Liwwerenkpäss.