An Handschellen ofgefouert Aggressive Mann no haislecher Gewalt zu Esch festgeholl

RTL Lëtzebuerg
D'Beamte vun der Police haten e Samschdeg den Owend zu Esch vill ze dinn mat engem guer net kooperativen an aggressivem Mann.
© Laurent Weber

E Samschdeg den Owend géint 22:45 Auer gouf d'Police zu engem Fall vun haislecher Gewalt zu Esch geruff. De Mann, dee si bei der Partnerin virfonnt hunn, hätt guer net dierften do sinn, well e Kontaktverbuet géint hien decidéiert gi war. D'Beamten haten all Méi, den onkooperative Mann ënner Kontroll ze bréngen. Dës wollt den Uweisunge vun de Polizisten net nokommen. Police huet de Mann missten immobiliséieren an him Handschellen uleeën.

Dat huet de Mann awer net berouegt, dëse war trotzdeem weider aggressiv, och um Wee op de Policebüro an op dësem, an huet zwee Beamte liicht verletzt. De Parquet huet ordonéiert, datt de Mann sech net méi an der Géigend vun der Wunneng dierft ophalen an huet dësen och festhuele gelooss. E Sonndeg de Moie hat hien e Rendez-vous beim Untersuchungsriichter. D'Polizisten hu weider e Protokoll wéinst Rebellioun a wéinst Mordmenace géint de Mann ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO