Chemikalie méiglecherweis ausgetruedenGroussbrand zu Guedleng (Fr) ënner Kontroll, dräi Persoune goufe blesséiert

Anaïs Riffi
RTL Infos iwwersat vun RTL.lu
Zu Guedleng bei Amnéville, eng 20 Kilometer Loftlinn vun der Lëtzebuerger Grenz, ass e Sonndeg ee Groussbrand ausgebrach.
© ITLF

E Sonndeg ass op dem Terrain vun engem Betrib zu Guedleng (op franséisch Gandrange) ee Groussbrand ausgebrach, wéi d'Gemeng an eng Rei Zeie matdeelen. Eng honnert Pompjeeë waren am Asaz, fir d'Feier ënner Kontroll ze kréien. D'Ursaach vum Feier ass nach net bekannt.

Feier ënner Kontroll

Géint 14:30 Auer huet eng Spriecherin vun den Autoritéite vun Diddenuewen matgedeelt, datt een d'Feier zu dësem Zäitpunkt ënner Kontroll hätt. Der Hélène Demolombe-Tobie no wieren dräi Persoune liicht blesséiert ginn, ee Mataarbechter vun der Entreprise an zwee Pompjeeën. Weider huet si matgedeelt, datt een aktuell géif moossen, op toxesch Stoffer an d'Loft gerode sinn. Wann déi Moossungen ofgeschloss sinn an een Resultater virleien huet, kann een jee no Ausgang och d'Mesuren, déi ee fir d'Populatioun an der Géigend geholl huet, nees ophiewen. Dëst gouf dunn och géint 16:45 Auer gemaach, wéi ënner anerem Ouest France mellt. D'Zeitung schreift weider, datt zu deem Ament de Brand och ganz geläscht konnt ginn.

Chemikalien méiglecherweis ausgetrueden

Et gouf confirméiert, datt Chemikalien um betraffenen Terrain sinn. Dowéinst goufen d'Awunner an der Géigend opgeruff, an hiren Haiser ze bleiwen an Dieren a Fënsteren zouzemaachen. D'Prefektur Moselle huet d'Awunner vu Guedleng, Amnéville, Vitry-sur-Orne, Clouange a Rombas dozou opgeruff, sech strikt un de Confinement ze halen an Doheem ze bleiwen. Der AFP no sinn 30.000 Leit vun de Warnunge betraff, net virun d'Dier ze goen.

Iwwer 80 Pompjeeën an 58 Gefierer op der Plaz

Géint 10 Auer um Sonndeg de Moie huet et um Site an der Industriezon net wäit vun Amnéville fort ugefaange mat brennen. Éischten Informatiounen no waren eng 100 Pompjeeën an 58 Gefierer op der Plaz a probéieren, de Flame Meeschter ze ginn.

D'Prefektur Moselle huet matgedeelt, datt de Virfall eng "500 Meterkaree grouss Lagerhal" betrëfft. D'Prefektur huet "bis op Weideres" preventiv Confinementsmesuren fir d'Awunner vu Guedleng, Amnéville, Vitry-sur-Orne, Clouange a Rombas annoncéiert. An enger Matdeelung an der Mëttesstonn huet de Buergermeeschter vu Guedleng, de Quentin Bigot, matgedeelt, datt "d'Presenz vu Chemikalien an der brennender Lagerhal" confirméiert gi wier, an huet all Mënsch opgeruff, sech un d'Sécherheetsmesuren ze halen.

D'Awunner si gebieden, an hire Wunnengen ze bleiwen, Fënster an Dieren zouzemaachen an esou gutt wéi méiglech ofzedichten. All Deplacementer, déi net onbedéngt néideg sinn, sollen evitéiert ginn an et soll een op kee Fall an d'Géigend vum Feier.

Eng gutt Nouvelle géif et awer ginn: "D'Feier gëtt aktuell vun de Pompjeeën ënner Kontroll bruecht. Iwwer 80 Pompjeeë sinn op der Plaz am Asaz a läsche weider d'Feier."

Décken Damp kilometerwäit ze gesinn

Eng déck schwaarz Dampwollek war nach Dosende Kilometer wäit fort ze gesinn. D'Dampwollek war an enge sëllege Gemengen ze gesinn, vu Metz bis Diddenuewen, iwwer Guedleng, Amnéville, Maizières-lès-Metz, Hagondange oder och nach Rombas.

Ech sinn zu Maizières-lès-Metz an ech gesinn déck Wolleke vu menger Fënster aus. Ech hunn alles verbarrikadéiert", esou d'Fatine.

Zanter dem Ausbroch vum Feier verbreede sech Fotoen a Videoe vum Feier an de Soziale Medien a verbreede Material vun der beandrockender Wollek.

Back to Top
CIM LOGO