
E Flächebrand vun iwwer 250 Meter Längt hat e Méindegowend méi wéi 150 Pompjeeën aus dem ganzen Norden op Laaschent an den Asaz geruff. Och en Dënschdeg de Moien hat et nach gebrannt, d'Ekippe vum CGDIS hunn d'Feier kontrolléiert ofbrenne gelooss.
Zum Ausmooss vum Schued erkläert eis de Bauer, deem d'Feld gehéiert, dëse géif bei 40.000 bis 50.000 Euro leien. Eng 1.000 Botte wieren ofgebrannt, wat enger Aarbecht vu 6 Wochen entsprécht. Dobäi géif et sech ëm d'Stocken handelen, déi u sech bis nächst Joer hätte missen duergoen. Nei Reserven opzedreiwen, wier elo scho schwéier genuch.
Wat d'Ursaach vum Feier ugeet, heescht et vun der Police op Nofro hin, et géif ee vun engem Blëtzschlag ausgoen. Och de Bauer confirméiert dëst. Aenzeien hätten deemno gesinn, wéi e Blëtz an de Botten ageschloe wier. U sech wiere Stroummasten an der Géigend, déi Blëtzer meeschtens offänken. Et hätt een "esou eppes nach ni gesinn" a kéint et sech och net erklären, esou de Bauer weider.