
Konkreet goufen elo d’Subventiounen op Stroum, Gas a Brennes ëmgesat, déi am Kader vun der Tripartite Ugangs Juni decidéiert goufen. Den Haaptobjektiv vum Resilienzpak ass et jo, d'Inflatioun ze bremsen an d'Kafkraaft vun de Stéit ze stäerken. An engems soll d'Energietransitioun viru gedriwwe ginn.
Eng vun den temporäre staatlechen Hëllefen ass déi, datt eng weider Subventioun vu véier Cent pro Kilowattstonn um Stroumpräis agefouert gouf. Déi kënnt bei d’Subventioun vun de Reseauskäschten an d’Iwwerhuele vum Kompensatiounsmechanismus duerch de Staat. Domat läit d’Bäihëllef um Stroumpräis elo bei ongeféier 11,3 Cents de Kilowattstonn. E Stot mat engem duerchschnëttleche Verbrauch géif deemno bannent den nächste fënnef Méint ronn 180 Euro spueren, sou d'Rechnung vum Wirtschaftsministere. E Stot, dee sech en Elektroauto an eng Wäermepompel ugeschaaft huet, géif souguer bis Enn Dezember, wou d'Aiden auslafen, 465 Euro spueren.
Subventionéiert gëtt och de Gas. Hei gëtt et eng Kompensatioun vu 15 Cent de Kubikmeter. Eng Moossnam, déi, grad wéi beim Elektresch, automatesch fir all Resident gëllt. Dem Wirtschaftsministere no kann hei eng Famill, déi an engem Haus lieft, eng 150 Euro op fënnef Méint spueren.
Subventionéiert ginn och den Heizungsmasutt an den Agrar-Diesel. Mat 15 Cent de Liter. Wien do en Tank mat 2.000 Liter fëllt, géif dem aktuelle Präis no ronn 300 Euro manner bezuelen. Zanter dem 1. Juli si scho Subventioune vu jee 5 Cent op Bensinn an Diesel a Kraaft.
All des temporär Hëllefe wäerten den 31. Dezember auslafen.