Police-BulletinSträit wéinst presuméiertem Déifstall op der Gare, zwee Männer zu Biissen mat Messer blesséiert

RTL Lëtzebuerg
D'Police war en Donneschdeg an e Freideg op e puer Plazen am Land wéinst kierperlechen Ausernanersetzungen am Asaz, dobäi goufe véier Persoune blesséiert.
© Laurent Weber

En Donneschdeg de Mëtteg ass et géint 13:45 Auer op der Stater Gare zu enger kierperlecher Ausernanersetzung tëscht zwee Männer komm. Engem éischte Stand no hat ee vun de Männer deen anere verdächtegt, him den Dag virdru Saachen aus sengem Camion geklaut ze hunn.

Dës Situatioun huet zu engem Sträit gefouert, dobäi gouf eng Persoun blesséiert an huet misse fir eng Kontroll an d'Spidol.

D'Police huet am Zesummenhang mat dem méiglechen Déifstall op Uerder vum Parquet en Haus duerchsicht, d'Aktioun ass awer negativ verlaf.

Eng weider Ausernanersetzung gouf et e puer Stonnen drop an der Rue des Jardins zu Biissen. Zwee Männer goufen hei mat engem Messer blesséiert – een um Been, deen aneren un der Hand. Béid Persoune konnten op der Place de l'Attert opfonnt ginn.

Engem éischte Stand no bestoung keng Liewensgefor, eng Persoun koum awer an d'Spidol. No weideren Ermëttlungen a Sichaktiounen huet d'Police e Messer fonnt a séchergestallt.

Weider Ermëttlunge lafen.

Police och e Freideg am Asaz

E Freideg den Owend géint 22 Auer huet eng Persoun virun engem Lokal an der Rue du Commerce zu Rodange fir Opreegung gesuergt. No enger kuerzer Poursuite konnt d'Police de Mann an der Rue Michel Rodange opgräifen.

De Mann wier staark alkoholiséiert gewiescht a gouf, nodeems en Dokter hien ënnersicht huet, aus Sécherheetsgrënn an de Passagearrest bruecht, sou d'Police. Iwwerdeems hätt sech weider erausgestallt, datt de Mann géint geriichtlech Oplage verstouss hätt.

An der Nuecht op e Samschdeg gouf d'Police du wéinst enger weiderer kierperlecher Ausernanersetzung an der Ruelle du Chateau zu Esch-Uelzecht op de Plang geruff. Op der Plaz hunn d'Beamten e Mann mat Blessuren am Gesiicht an engem staark alkoholiséierten Zoustand fonnt.

Éischten Ermëttlungen no soll hie vun zwou Persounen ugegraff gi sinn. Ee vun de presuméierten Täter konnt séier fonnt ginn.

D'Affer koum fir eng medezinesch Betreiung an d'Spidol, mee wéinst dem héijen Alkoholpeegel an onkooperativem Verhale gouf och hien temporär an de Passagearrest geholl.

Back to Top
CIM LOGO