2.800 nei Inscriptioune goufen dëst Joer gezielt, wat ronn 4% méi si wéi zejoert. Dee Chiffer kann awer natierlech nach an de nächste Wochen a Méint liicht variéieren.
Eppes wat bei den Aschreiwungen opgefall ass, ass datt et ëmmer méi Lëtzebuerger Studenten op d’Uni.lu zitt. Zejoert ware 70% vun de Bachelorstudente Lëtzebuerger Residenten. De Prof. Philippe Hiligsmann, Vizerekter fir akademesch a studentesch Ugeleeënheeten:
“Dat huet warscheinlech domat ze dinn, datt mer zanter engem décke Joer eng ganz Partie Aktioune gestart hunn an de Lycéeën am Land, fir de Schüler ze weisen, wat mir ubidden an hinnen den Iwwergang tëscht dem Lycée an der Uni ze vereinfachen.”
En anere Facteur deen dem Vizerekter vun der Uni.lu matspillt, datt d'Inscriptioune klammen, ass den nach dynameschen Aarbechtsmarché am Land:
“D’Lëtzebuerger Studente gesinn Opportunitéiten a Filièrë wéi dem Droit mee och de Sciences de l’éducation. Déi international Studenten interesséiere sech awer och fir Ekonomie, Finanzen, also am Fong all d’wichteg Marchéen fir Lëtzebuerg."
Vun dëser Rentrée u sinn iwwerdeems zwee nei Master-Studiegäng bäi komm.
Ronn 80 Studenten hu sech fir de neie Master en Sciences Actuarielles gemellt, an anere Wierder Assurance-Mathematik. 15 Plaze sinn awer just fräi. Dem Prof. Christophe Ley, Associate Professor fir Mathematik, no hätt et eng Demande aus dem Secteur selwer ginn:
“Vun der ACA, der Associatioun vun den Assurance-Gesellschaften an dem Finanzsecteur. Si wollten, datt mer lokal Studenten ausbilden, déi sech dann och schonn am Beräich vun der lokaler Versécherungs-Branche auskennen.”
Well d'Interessi dëst Joer sou grouss war, plangt een nächst Joer d'Unzuel u Studente vu 15 op 25 erop ze setzen. Zu de Fächer am Master gehéiert Versécherungs-Mathematik, Data-Science, Ekonomie, Programmatioun an awer och zum Beispill d’Gesetzgebung a Kommunikatioun.
Den zweeten neie Master betrëfft dann e ganz aneren Domaine, nämlech dee vun der Educatioun. D’Prof. Janne Fengler, Vizedekanin vun der Fakultéit fir Geeschtes-, Erzéiungs- a Sozialwëssenschaften erkläert, datt dësen sech u Léierpersonal adresséiert dat scho Beruffserfarung huet:
“De Master ass geduecht fir d’Verbesserung vun der Unterrechts-Praxis, reagéiert awer och op Erausfuerderunge vun der Zukunft wéi inklusiv Bildung, Digitaliséierung, Ëmgang mat der Méisproochegkeet, Schoulentwécklung, an -management.”
Dem Vizerekter fir akademesch a studentesch Ugeleeënheeten vun der Uni Lëtzebuerg Prof. Philippe Hiligsmann no wier elo scho kloer, datt och nächst Rentrée nei Studiegäng wäerten ugebuede ginn. Wichteg wier et donieft, d'Offer ëmmer unzepassen.