Friemgoen e Verbriechen4 Persounen an Indonesien ëffentlech bestrooft mat 100 Schléi op de Réck

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg goufen direkt e puer Persounen an der indonesescher Provënz Aceh mat Schléi op de Réck bestrooft. E Kuss oder Ëmäerblung geet als Grond schonn duer.
Intimitéit gëtt mat Schléi bestrooft.
Intimitéit gëtt mat Schléi bestrooft.
© CHAIDEER MAHYUDDIN/AFP

Indonesien ass staark muslimesch gepräägt. Ëffentlech Intimitéite si besonnesch an der streng gehalener Provënz Aceh net gedult a goufe virun engem Joer souguer penaliséiert. Ëmmer nees kënnt et awer zu Verstéiss. En Donneschdeg sinn zwee Männer an zwou Fraen virun alle Leit dofir bestrooft ginn, well si onbestuet intim gi sinn. Virun Dosende Virwëtzeger a Journaliste kruten déi Beschëllegt an engem ëffentleche Park an der Haaptstad Banda Aceh allkéiers 100 Schléi mat engem Bengel op e Réck.

Véier Persoune kruten jeeweils 22 Schléi wéinst engem méi klenge Vergoen, déi am Zesummenhang "mat kierperlechen Intimitéite" stinn. Dëst ka scho bedeiten, dass ee sech e Kuss ginn oder just ëmäerbelt huet. Zwee weider Beschëllegt, déi 7 Mol geschloe goufen, ware sech "ze no komm" respektiv si hu sech bei der Hand gehalen. Donieft krut ee Mann 20 Schléi wéinst Alkoholkonsum.

D'indoneesesch Zentralregierung hat der Provënz Aceh 2001 en Autonomiestatus ginn. Zanterhier gëllt do d'Scharia. Am Islam sinn iwwregens nieft Intimitéit och nach Glécksspill souwéi Friemgoen e Verbriechen a gi mat ëffentlechen Auspeitschunge bestrooft.

Back to Top
CIM LOGO