Naass DecouvertenNiddregwaasser am Rhäin späizt eng Rei Geheimnisser aus

RTL Lëtzebuerg
D'Waasser am Rhäin steet den Ament esou niddreg, wéi an eiser Liefzäit nach net - an dat léisst wuertwiertlech déif blécken.
© Polizei Duisburg

Wat fatal fir d'Schëfffaart an d'Flora an d'Fauna vum Floss ass, bréngt och eng ganz Rei Verluerenes zeréck un d'Uewerfläch. Wärend d'Donau nieft Schëffer aus dem Zweete Weltkrich och souguer Mammutschanken ausgespaut huet, ginn aus dem Rhäin dëser Deeg eng ganz Rei Autowracks gefëscht.

D'Police vun Duisburg an Nordrhein-Westfalen huet elo eng Rei Decouverte public gemaach. Schonn Ufank August haten d'Pompjeeën zu Königswinter d'Iwwerreschter vun engem Auto op enger Plaz erbléckt, wou Asazbooter normalerweis an d'Waasser gelooss ginn. E Mëttwoch konnt den Autowrack schliisslech gebuerge ginn. De Won war kaum nach erëmzeerkennen, ma konnt trotzdeem nach als Fiat 126 identifizéiert ginn - warscheinlech ee Modell, deen tëscht 1976 an 1984 produzéiert gouf.

Well en iwwer d'Joren awer zimmlech degradéiert war, konnten d'Secouristen awer néierens méi Hiweiser dorop fannen, wiem den Auto fir d'lescht gehéiert huet. Och wéi laang de Won schonn a sengem naasse Graf louch, ass net gewosst.

En e bësse méi "modernt" Wrack gouf dann nach vum Wasserschifffahrtsamt Köln fonnt, wou si d'Déift vum Waasser bei Kilometer 710 gemooss hunn. Hei gouf een Toyota Yaris nees aus dem Waasser gezunn, deen éischten Ermëttlungen no am Juni 2014 geklaut gi war.

A béide Fäll gouf et der Polizei Duisburg no zum Gléck awer keng Indicen op een Zesummenhang mat Doudes- oder Vermësstefäll. D'Iwwerreschter vun den Autoe mussen elo nach fachgerecht entsuergt ginn.

Back to Top
CIM LOGO