Porsche ARbox Carrera Cup AsiaDylan Pereira dëse Weekend a Malaysia am Asaz

Andy Brücker
Dëse Weekend stinn am Carrera Cup Asia direkt 3 Courssen um Programm. Mat dobäi ass och nees de Lëtzebuerger Dylan Pereira.
© AR Box / Absolute Racing

D'lescht Joer ass den Dylan Pereira Champion ginn am Porsche Carrera Cup Asia. Dëst Joer hat hie schonn e Gaaschtoptrëtt, dat um Bangsaen Street Circuit an Thailand. Hei stoung hien um Auto vun Absolute Racing direkt zwee Mol um Podium. An der éischter Course war et Plaz 2, an an der zweeter Course war eng drëtte Plaz erausgesprongen, dat um Auto mat der Startnummer 89.

Déi zwee Topresultater schénge Grond genuch gewiescht ze sinn, fir dass d'Team Absolute Racing d'Servicer vum Lëtzebuerger nach emol an Usproch geholl huet. Hien ass nämlech och dëse Weekend nees fir dat Team gemellt, dat fir de Rendez-vous um Sepang International Circuit a Malaysia. Hei ginn net manner wéi 3 Courssen dëse Weekend gefuer.

Wärend en an Thailand nach um Auto mat der Startnummer 89 souz, esou kritt hien hei elo d'Startnummer 88 an do och e komplett neien Design.

E Samschdeg de Moie Lokalzäit ass déi éischt Course, e Sprint iwwer 30 Minutten. Samschdes owes ass dann nach eng 45-Minutte-Course, déi an d'Nuecht wäert falen. Sonndes ass dann nach emol eng drëtt Course vun dann nees den normalen 30 Minutten.

Vum 9.-11. Oktober ass d'Finall vum Porsche ARbox Carrera Cup Asia zu Singapur. Hei ass de Lëtzebuerger mat grousser Warscheinlechkeet och nees um Depart mat Absolute Racing.

Back to Top
CIM LOGO