Carrera Cup Chester Kieffer gewënnt Carrera Cup Däitschland Course

Tom Hoffmann
Um Nürburgring gouf am Kader vun der DTM déi 7. Manche vum Carrera Cup Däitschland gefuer. De Chester Kieffer huet mat 2 Victoirë méi wéi iwwerzeegt
Victoire Chester Kieffer um Nürburgring
De Chester Kieffer feiert seng Victoire um Sonndeg um Nürburgring
© Flatout Studios

Fir déi éischt Course vum Weekend hat de Chester Kieffer sech eigentlech mat enger 3. Plaz an eng gutt Ausgangspositioun bruecht, fir am Rookie-Klassement ëm d'Victoire ze fueren. Wéinst enger Strof, déi de Pilot vu Schumacher CLRT um Norisring krut, huet den 19 Joer jonke Lëtzebuerger awer vun der 8. Plaz missen an d'Course goen.

Direkt nom Depart konnt de Kieffer eng Positioun gutt maachen. No enger Safety-Car-Phas wéinst engem Accident vum Ray King houng de Keagan Masters an der Boîte vum Lëtzebuerger. De Südafrikaner konnt de Kieffer an de leschten 13 Minutten zwar nach iwwerhuelen. Dramatesch war dat allerdéngs net. De Masters krut nämlech eng Strof wéinst enger Beréierung mam Theo Oeverhaus an der Ufanksphas vun der Course. Deemno krut de Chester Kieffer seng Positioun nees zeréck.

An deene leschten Tier vun dëser éischter Course huet de Kieffer de Caleb Summich nach iwwerholl fir um Enn als 6. an als beschte Rookie iwwert de wäisse Stréch ze fueren. Dëst war seng 6. Rookie Victoire vun der Saison.

De Robert de Han huet virum Alexander Tauscher an dem Marcus Amand déi éischte Manche vum Weekend gewonnen.

Um Sonndeg waren d'Chancë grouss fir de Chester Kieffer, eng zweet Rookie-Victoire vum Weekend ze feieren. An der zweeter Course vum Weekend ass hie vun der zweeter Plaz an d'Course gaang.

Vun där gudder Ausgangspositioun sollt de Kieffer direkt profitéieren. Mat enger exzellenter Reaktioun beim Depart huet den 19 Joer jonke Lëtzebuerger den Alexander Tauscher iwwerholl an sech un d'Spëtzt gesat.

Ma wéi esou dacks an den éischten Tier huet et nees gerabbelt. Eng Kollisioun huet fir eng Safety-Car-Phas gesuergt an domat war déi kleng Avance, déi de Kieffer sech erausgefuer hat, nees verschwonnen.

Beim Restart huet de Lëtzebuerger awer e kille Kapp behalen an d'Féierung verdeedegt. Och wéi de Marcus Amand am Laf vun der Course ëmmer méi no koum, huet de Kieffer sech net aus der Rou brénge gelooss.

Um Enn ass hie virum Finn Marcus Amand an dem Holläner Sam Jongejan als éischten iwwer d'Arrivée gefuer an huet domat seng éischt Gesamtvictoire am Porsche Carrera Cup Däitschland gefeiert.

De Chester Kieffer ass domat nieft dem Dylan Perreira deen zweete Lëtzebuerger iwwerhaapt, deen eng Course am Porsche Carrera Cup Däitschland gewënnt.

Domat baut hien seng Féierung am Rookie-Klassement aus a ka bei der Final um Hockenheimring gewannen.

De komplette Fokus läit elo awer op dem Supercup. Do geet et den nächste Weekend zu Zandvoort weider. Am Kader vum Comeback vun der Formel 1 no der Summerpaus stinn direkt zwou Coursen um Programm.

Back to Top
CIM LOGO