Haut viru 50 Joer42 Deeg no sengem schwéieren Accident feiert den Niki Lauda säi Comeback

Tom Nols
Wéi duerch e Wonner war den Niki Lauda 1976 dem Doud an de Flamen entkomm. Sechs Wochen no sengem Accident war et fir de schwéier gezeechenten Éisträicher zu Monza de Comeback.
Nëmmen 42 Deeg no sengem schlëmmen Accident war den Niki Lauda zu Monza erëm um Depart.
Nëmmen 42 Deeg no sengem schlëmmen Accident war den Niki Lauda zu Monza erëm um Depart.
© HARTMUT REEH/dpa Picture-Alliance via AFP

Den 1. August hat den Niki Lauda e schwéieren Accident op der Nordschleife vum Nürburgring just mat vill Chance iwwerlieft. No deem Crash war och deem leschten Zweiwler kloer, dass um Ring keng Formel 1 méi duerft gefuer ginn. Ze séier, ze geféierlech op där ze laanger Streck, déi schonn zanter enger Zäit net méi sécher genuch war.

Am Spidol hat den Éisträicher schonn d'Stierfsakramenter kritt, well d'Dokteren net der Meenung waren, hie géing seng schwéier Blessuren iwwerliewen. Dat war awer d'Rechnung ouni de Wiert gemaach. De Lauda hat dat matkritt a wollt net esou vun der Bün goen. Den zéien Hond huet gréisste Péng iwwert sech ergoe gelooss a refuséiert, ze stierwen. Hie war der Meenung, hie misst säi Weltmeeschtertitel verdeedegen.

Den Niki Lauda war an den Deeg no sengem Accident dem Doud oft méi wéi dem Iwwerliewen.
Den Niki Lauda war an den Deeg no sengem Accident dem Doud oft méi wéi dem Iwwerliewen.
© dpa Picture-Alliance via AFP

Seng Strategie war et, sou séier wéi méiglech erëm am Auto ze sëtzen, fir net mussen doriwwer nozedenken, wat him eigentlech geschitt war. Dem Lauda seng Ecurie Ferrari hat net u säi séiere Comeback gegleeft a scho mol en Ersatzmann engagéiert. Aus Solidaritéit mam Éisträicher haten den Emerson Fittipaldi an de Ronnie Peterson déi italieenesch Offer refuséiert. De Carlos Reutemann war awer net zefridde bei Brabham an hat freedeg d'Offer vun der Scuderia ugeholl, déi esou beim Heem-GP mat dräi Autoe starte sollt.

De Lauda war duebel rosen op Ferrari. Engersäits, well se hien direkt ersetze wollten, anersäits, well si net wollten zouginn, dass e Materialfeeler um Auto Ausléiser vum Accident war a si domat d'Responsabilitéit hätte missen iwwerhuelen. De Champion hat sech eigentlech de Grousse Präis vu Kanada als Zil gesat fir zréck ze kommen, mee war awer elo motivéiert, fir de Comeback schonn zu Monza ze realiséieren. Mat Hëllef vum Physiotherapeut Willi Dungl huet hien u senger physescher a psychescher Form geschafft.

Geet et nach?

38 Deeg nom Accident ass de verbruete Lauda zu Fiorano op der Teststreck vu Ferrari. Déi Responsabel an d'Team waren der Meenung, e Geescht wier an de Auto geklommen. Konnt de Lauda scho rëm fueren? Oder iwwerhaapt nach? No puer Tier koum hie scho rëm an d'Boxen. Awer just fir no anere Gurter ze froen, well hien ze vill ofgeholl hat an am Cockpit gerëtscht ass. 60 Tier méi spéit war den Enzo Ferrari iwwerzeegt, fir en drëtten Auto fir de Grousse Präis vun Italien preparéieren ze loossen.

Keen hat domat gerechent, datt den Niki Lauda esou séier rëm am F1-Ferrari géing sëtzen.
Keen hat domat gerechent, datt den Niki Lauda esou séier rëm am F1-Ferrari géing sëtzen.
© PETER KNOPP/AFTONBLADET/TT News Agency via AFP

Den Niki Lauda hat just zwou Coursse verpasst. Trotz dem groussen Tamtam ronderëm seng Persoun, seng Blessuren a säi schrecklecht Ausgesinn war him just dru geleeën, rëm fueren ze kënnen. Well et am éischten Training awer gereent hat, ware just zwou Ronne voller Angscht an eng 19. Plaz zustane komm. Dobäi huet him all Minutt ënnert dem Helm wéi gedoe wéinst sengen oppene Wonnen, déi nach laang net verheelt waren. Mat analyteschem Iwwerleeën ass den Éisträicher senger Panik bäikomm a konnt sech eng nei Strategie iwwerleeën. Lues un de Limitt erugoe war déi nei Method. An déi sollt funktionéieren - Plaz 5 am Qualifying a séierste vun den dräi Ferrari. Positiv war donieft, dass säi schäerfste Konkurrent James Hunt d'Trainingszäite gestrach kritt hat a vu ganz hannen huet musse starten.

Wéinst engem Problem mat der geännerter Prozedur vum Start war de Lauda, haut viru 50 Joer, direkt beim Depart op déi 12. Plaz zréckgefall. Matten am geféierleche Mëttelfeld war net déi richteg Plaz fir de Weltmeeschter, dee virsiichteg ugefaangen hat. Hie konnt sech fänken an no an no Plaze gutt maachen. Nom 14. Tour war hie schonn an de Punkten ukomm. Duerno war säin Ersatzmann Reutemann fälleg a méi wéi eng séierst Ronn sollt nokommen, fir um Enn op Plaz 4 iwwer d'Arrivée ze fueren am Temple of Speed. No der Course ware säin Helm a seng Hauf drënner rout vu Blutt.

"Just en Test"

Vum James Hunt, deen Enn der '76er Saison Weltmeeschter sollt ginn, war et en Ausdrock vun déifstem Respekt, wéi en iwwert de Lauda sot: "Wuertwiertlech aus dem Graf ze klammen a sechs Woche méi spéit Véierte ginn an engem Grand Prix, dat ass eng ausseruerdentlech Leeschtung." De Lauda huet no der Course nach emol gemengt, dass hien eigentlech réischt a Kanada rëm hätt wëlle fueren an datt dat hei just en Test gewiescht wier.

D'Joer drop sollt et du klappe mam zweete WM-Titel op Ferrari, grad esou wéi 1984 nach eng Kéier mat McLaren. Spéider a sengem Liewen hat den Éisträicher ëmmer nees mat gesondheetleche Problemer ze kämpfen. Zwou Nieren- an eng Longentransplantatioun waren d'Suitte vum schwéieren Accident um Nürburgring. Den 20. Mee 2019 ass den Niki Lauda am Alter vu 70 Joer zu Zürich gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO