Formel 1: Grousse Präis vun ItalienKimi Antonelli wënnt zu Monza no Depart vu Plaz 19

Jeff Birsens
De Kimi Antonelli war e Sonndeg vun der 19. Plaz an d'Course gestart a konnt um Enn eng historesch Victoire feieren.
Mercedes' Italian driver Kimi Antonelli competes during the Italian Formula One Grand Prix at the Autodromo Nazionale Monza circuit in Monza, northern Italy on September 6, 2026. (Photo by Andrej ISAKOVIC / AFP)
De Kimi Antonelli um Circuit zu Monza.
© AFP

E Sonndeg huet de Kimi Antonelli de Grousse Präis vun Italien gewonnen. Et ass déi éischt italieenesch Victoire zu Monza zanter 1966. De Mercedes-Pilot war vun der 19. Plaz an d'Course gestart a konnt sech um Circuit zu Monza dräi Ronne viru Schluss laanscht säin Teamkolleeg George Russell setzen. Op de Podium gepackt huet et hannendrun nach de Max Verstappen. De Pole-Setter Pierre Gasly hat seng Féierung scho bannent deenen zwou éischte Ronnen un de Russell verluer. Fréi eriwwer war d'Course scho fir de Charles Leclerc, deen an der 4. Ronn d'Kontroll iwwert säi Ferrari verluer hat an an d'Mauer gerannt war.

Am WM-Klassement vergréissert de Kimi Antonelli mat dëser Victoire säi Virsprong op den George Russell ëm aacht Punkten.

Resumé

Mam Pierre Gasly war et kuerz no 15 Auer zu Monza un den Depart gaangen. Bannent deen éischte puer Kéiere konnt de Fransous seng Féierung zwar nach halen, ma net laang huet et gedauert, bis den George Russell am Mercedes sech laanscht setze konnt. Hannendrun hu sech béid Ferrari gestridden an de Lewis Hamilton ass dobäi tëschenzäitlech bis zréck op déi 11. Plaz zréckgefall.

Nach méi schlecht ewechkomm ass an der 4. Ronn dann awer de Charles Leclerc, deen d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet a mat voller Vitess an d'Mauer gerannt ass. De Roude Fändel ass doropshin erauskomm an d'Course gouf fir eng knapp hallef Stonn ënnerbrach. De Charles Leclerc konnt zwar selwer vum Accident fort trëppelen, gouf awer weider medezinesch betreit.

Nom Restart huet sech am viischten Deel dann net all ze vill geännert, bis op de Franco Colapinto, deen an der Kéier erausgedréckt an doduerch bis op déi 15. Plaz zréckgefall ass. Un der Spëtzt konnt sech de Russell dann ee klengen Ecart opbauen an no enger Zäit war et dem Max Verstappen dann och gelongen, sech laanscht de Gasly op déi zweet Plaz ze setzen. Am weidere Verlaf gouf et dann een Dräikampf un der Spëtzt tëscht Russell, Verstappen an och Antonelli.

Ongeféier an der Hallschent vun der Course huet et dann d'Ecurie vun Aston Martin getraff. Zwee Mol bannent zwou Ronnen hu béid Pilote Fernando Alonso a Lance Stroll missen hiren Auto op d'Säit stellen a waren domat eliminéiert. Wéinst bessere Pneuen huet de Kimi Antonelli de Réckstand op säin Teamkolleeg George Russell un der Spëtzt ëmmer méi verkierzt, konnt dräi Ronne viru Schluss dann d'Féierung iwwerhuelen an déi éischt Victoire vun engem italieenesche Pilot zu Monza zanter 1966 iwwert d'Zillinn bréngen.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

Formel 1 2026 Kalenner

FORMULA 1 PIRELLI GRAN PREMIO D’ITALIA 2026

Back to Top
CIM LOGO