Den Iwwerbléck vum internationale FuttballHamburg verléiert déi zweet Kéier hannerteneen 0:5

RTL Lëtzebuerg
Bayern München behaapt sech zu Elversberg. Manchester City huet den Derby géint ManU gewonnen. Barcelona bleift no Victoire géint Levante weider un der Spëtzt.
© JAN WOITAS/dpa Picture-Alliance via AFP

An der portugisescher Liga huet Benfica Lissabon mam Leandro Bareiro géint Gil Vicente gespillt an 3:1 gewonnen.

Bundesliga

Leipzig - Hamburg 5:0
1:0 Gomis (17'), 2:0 Nusa (28'), 3:0 Orban (72'), 4:0 Nkunku (74'), 5:0 Romulo Cardoso (77')

Den HSV erlieft bannent enger Woch den zweeten Debakel - mam selwechte Resultat. D'Ekipp vum Trainer Merlin Polzin huet no dräi Spilldeeg nach ëmmer kee Gol geschoss a steet mat Gladbach um Enn vun der Tabell. Dobäi haten d'Hamburger gutt ugefaangen, mee nom éischte Schoss koum Leipzig besser an de Match a gouf kuerz drop mat engem Gol belount. Spéitstens nom drëtte Gol war d'Mass gelies an d'Gäscht sinn ausernee gefall.

Elversberg - Bayern München 1:2
0:1 Karl (26'), 1:1 Krattenmacher (61'), 1:2 Kane (72')

Bayern München setzt sech knapp, awer verdéngt géint couragéiert Elversberger duerch. An der Paus louch de Rekordmeeschter knapp vir an hat méi vum Match, mee d'Saarlänner hu sech och net verstoppt. No enger gudder Stonn sollt der Lokalekipp den Ausgläich geléngen, mee d'Äntwert vun de Münchener huet net laang op sech waarde gelooss. Virum Gol vum Kane hat den FCB dräi héichkaräteg Chancen, déi awer net cadréiert genuch waren. Elversberg huet bis zum Schluss gutt dogéint gehalen an hätt sech nach mam Ausgläich beloune kënnen.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Manchester United - Manchester City 0:1
0:1 Haaland (60')

Obwuel ManCity iwwer 70 Minutten an Ënnerzuel gespillt huet, huelen d'Skyblues dräi Punkte mat heem - dat just e puer Kilometer ewech läit. De Foden hat no engem Revanche-Trëtt géint de Bruno Ferandes an der 23. Minutt déi rout Kaart gesinn. Bis dohi war d'Partie awer méi vun der Derby-Stëmmung wéi vun de spillereschen Aktiounen um Terrain gepräägt. De Rushford hat mat engem Schoss un de Potto an der 45. Minutt déi bescht Chance. ManCity huet sech vun der Ënnerzuel net beandrocke gelooss a konnt op säi Golgetter Erling Haaland zielen. Um Enn haten d'Red Devils nach d'Chance op den Ausgläich, deen awer net wierklech verdéngt gewiescht wär.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

Serie A

Neapel - Bologna 1:0
1:0 Lobotka (66')

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Lille - Troyes 2:0
1:0 Santos (18'), 2:0 Mbappé (90'+3)

Mat der Victoire spréngt Lille laanscht Monaco a Rennes op déi éischt Plaz. Troyes bleift bei véier Punkten, steet awer mat Plaz 11 véier Plaze virum grousse PSG.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Levante - FC Barcelona 2:4
0:1 Espart (5'), 0:2 Lamine Yamal (19'), 0:3 Lamine Yamal (48'), 1:3 Romero (79'), 2:3 Brugue (88'), 2:4 Adeyemi (90'+3)

Nodeems Barcelona nom 3:0 scho wéi de klore Gewënner ausgesinn hat, huet Levante de Match duerch zwee Goler nach eng Kéier spannend gemaach. Den Neizougang Adeyemi konnt mat engem Solo iwwer den hallwen Terrain awer den decisive Gol fir den amtéierende Meeschter schéissen. Barcelona bleift domat op Plaz 1 viru Real Madrid.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO