Prezisioun amplaz VitessZwee Deeg als Copilot beim Luxembourg Classic Rallye

Chris Schagen
125 Oldtimer, 449 Kilometer, zwee Deeg – an ech sinn als Copilot dobäi, a muss mech ëm d'Roadbook këmmeren!
Zwee Deeg als Copilot beim Luxembourg Classic Rallye
125 Oldtimer, 449 Kilometer, zwee Deeg – an ech sinn als Copilot dobäi, a muss mech ëm d'Roadbook këmmeren!

Dat heescht: Fir d'éischt mol erausfannen, wou een iwwerhaapt muss fueren... an dat bleift nach bei Wäitem dat Einfachst. Ënnerwee kommen nämlech ëmmer rëm sougenannte Wäertungsprüfungen. Do muss een zum Beispill eng Streck vu 500 Meter a genee 27 Sekonne fueren.

Wien do am Genausten drukënnt, kritt déi mannste Strofpunkten.

A fir sech do eng Iddi ze maachen: Bei enger Prüfung si mir just eng Sekonn ze séier, an trotzdeem nëmmen 22. ginn.

Dat Team, wat iwwert déi zwee Deeg déi mannste Strofpunkte sammelt, gewënnt de Rallye. Dobäi fiert ee Stroossen, déi ee soss net géif entdecken: Ardennen, Minett, Musel an et geet souguer eriwwer a Frankräich.

Och erëm um Start: d'Teststreck vun der Goodyear. Och hei gewënnt net dee séiersten, ma deen, deen zwou Ronnen an där selwechter Zäit ka fueren. Eis Taktik hei war einfach: zwee Mol esou séier wéi méiglech.

Nach dobäi war dëst Joer de Walter Röhrl, zweefache Weltmeeschter, Rallye-Legend, nëmmen e puer Autoe virun eis.

Um Enn geet et op de Knuedler, matten an d'Stad. No der Arrivée ginn d'Autoen ausgestallt an de Publikum kann déi al Maschinnen nach bewonneren.

Esou geet e Rallye-Weekend gutt op een Enn.

Back to Top
CIM LOGO