
E Sonndeg den Owend haten am Kader vum 2. Spilldag vun der BGL Ligue d'Jeunesse Esch an den FC Atert Biissen géintenee gespillt, woubäi d'Biisser mat 2:0 gewonnen hunn. An engem Post op Facebook an Instagram heescht et da vum Lëtzebuerger Champion, Membere vum Veräi wieren aggresséiert a bei Ausenanersetzungen och blesséiert ginn. Donieft wieren och Fändele geklaut ginn. Et géif een dës Incidenten, déi näischt an engem Futtballsstadion ze sichen hätten, ferm verurteelen.
Policebeamte goufen de Responsabele vun der Jeunesse no e Sonndeg den Owend keng bei den Escher Stade de la Frontière geschéckt, d'Police konnt eis och keen Asaz an deem Kontext confirméieren.
De President vun der Jeunesse Marc Theisen huet sech op RTL-Nofro "iwwerrascht" iwwert de Virfall gewisen. Hie selwer wier net do gewiescht, ma de Veräi géif eng Enquête lancéieren, fir déi genee Ëmstänn ze klären a falls néideg och Konsequenzen ze zéien. Hie wier doriwwer informéiert ginn, datt ënnert anerem e Biisser Fändel verbrannt gouf.
E Méindeg de Mëtteg huet d'Jeunesse dann och mat engem offizielle Schreiwes reagéiert: Et géif een all Form vu Gewalt condamnéieren, sief et bannent oder baussent dem Futtballsterrain. Gläichzäiteg betount de Veräin, datt déi Responsabel vum Club bis ongeféier 23 Auer op der Plaz gewiescht wieren an näischt vun deem vum FC Atert Biissen beschriwwene Virfall matkritt hätten. Police wier och keng geruff ginn an et wier ee bis 23 Auer och vu kengem Responsabele vum Lëtzebuerger Champion ugeschwat ginn, fir iwwert déi genannte Faiten ze schwätzen oder se iwwerhaapt ze mellen.
Kritiséiert gëtt dann, datt déi Responsabel vum FC Atert Biissen sech dofir entscheet hätten, iwwert déi sozial Reseauen ze fueren, amplaz direkt mat der Jeunesse ze kommunizéieren. Fir en direkten Dialog, fir d'Ëmstänn ze klären, wier een awer weiderhin disponibel.
Eng Nofro vun RTL beim FC Atert Biissen iwwer den Incident ass bis ewell onbeäntwert bliwwen.