Seelene PhenomenFënnef wichteg Fakten zur Sonnendäischtert vum 12. August

RTL Infos avec AFP
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Den 12. August wäert zu Lëtzebuerg eng partiell Sonnendäischtert siichtbar sinn. Am Artikel kann ee fënnef wichteg Fakten noliesen.
Hei am Artikel fannt Dir fënnef wichteg Informatiounen zur Sonnendäischtert, ier et sou wäit ass.
© James Thew - stock.adobe.com

D'Sonnendäischtert wäert just aus Spuenien, Grönland an Island komplett ze gesi sinn. Zu Lëtzebuerg, wéi och an engem groussen Deel vu Frankräich, wäert den Himmel nëmmen deelweis verdonkelt ginn – e Spektakel, deen zanter der Sonnendäischtert vum 11. August 1999 net méi virkomm ass.

Hei si fënnef wichteg Informatiounen, ier et sou wäit ass.

Wat ass eng komplett Sonnendäischtert?

Bei enger kompletter Sonnendäischtert steet de Mound genee tëschent der Äerd an der Sonn a werft sou e Schied op eng schmuel Sträif vun der Äerduewerfläch, sou déi franséisch Astronomieassociatioun (AFA): "Duerch en aussergewéinlechen Zoufall – ee vun de spannendste Gläichgewiichter am Sonnesystem – ass de Mound zwar 400 Mol méi kleng ewéi d'Sonn, steet awer och 400 Mol méi no. Hieren Duerchmiesser gesäit duerfir identesch aus."

D'Dagesliicht verschwënnt fir e puer Minutten a gläichzäiteg gëtt d'Sonnekroun siichtbar, sou d'Associatioun weider.

Wéi ee Wee hëlt se?

Den 12. August zitt d'Sonnendäischtert iwwer d'nërdlech Hallefkugel. Si fänkt a Russland un, geet iwwert Grönland an den Atlanteschen Ozean a kënnt duerno an Europa un.

Komplett wäert d'Sonnendäischtert besonnesch an enger Sträif iwwer Spuenien – vun Oviedo iwwer Burgos bis Palma – ze gesi sinn.

Wien de geneeë Verlaf wëll gesinn, kann dat iwwer dësen Online-Tool vum Observatoire vu Paräis maachen. Ausserhalb vun dëser Sträif – wéi zu Lëtzebuerg a Frankräich – ass d'Sonnendäischtert partiell.

Wéi laang wäert se daueren?

De ganze Phenomen – mat den dräi Phase vu partieller, kompletter an nees partieller Däischtert – zitt sech iwwer ronn zwou Stonnen.

Zu Burgos, zum Beispill, dauert alles zesummen 1 Stonn an 48 Minutten – a fir genee 1 Minutt an 48 Sekonnen dovunner wäert d'Sonn komplett verstoppt sinn.

Wat kann ee sech zu Lëtzebuerg erwaarden?

D'Sonnendäischtert wäert iwwerall am Land op déi selwecht Aart a Weis ze gesi sinn an de Phenomen fänkt am fréien Owend un.

  • 19:20 Auer: Ufank vun der partieller Sonnendäischtert, wou d'Himmelskierper ufänken, sech ze iwwerschneiden
  • 20:05 Auer: Héichpunkt vum Phänomen mat engem maximale Verdonklungsgrad vun 89,6 Prozent.
  • 20:58 Auer: De Phenomen geet bal genee mam Sonnenënnergang op en Enn.
© sirbouman - stock.adobe.com

Wéi seelen ass esou eng Sonnendäischtert?

Et ginn am Duerchschnëtt eng bis zwou Sonnendäischterten all Joer, mee de Schied vum Mound kënnt dobäi ëmmer nëmme mat e puer honnert Kilometer breede Stécker vun der Äerd a Beréierung. An deenen nächste Jore kommen nach zwee gutt siichtbar Sonnendäischterten a Spuenien vir: den 2. August 2027 an de 26. Januar 2028 am Süde vum Land.

Och wann d'Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg nëmme partiell ass, ass et wichteg, Schutzbrëller unzedoen, wann een de Phenomen observéiere wëll.

Dobäi sollen nëmme Brëller benotzt ginn, déi der Norm ISO 12312-2:2015 entspriechen an d'Netzhaut zu 100% géint UV-Stralung schützen. "Geféierlech ass net d'Däischter selwer, mee de Bléck op d'Sonn ouni Protektioun. Et kann en onbemierkten, irreversibele Schued op der Netzhaut entstoen", sou d'AFA.

D'Netzhaut selwer verspiert keng Péng an d'Visiounsstéierungen trieden dacks réischt méi spéit op.

Back to Top
CIM LOGO