
Am Alter vu 24 Joer geet Nina Berton, gebierteg vu Keelen, an hiren drëtten Tour de France Femmes. Zanter leschtem Joer fiert déi jonk Lëtzebuergerin an der amerikanescher Ekipp EF-Education-Oatly, hei gëtt hir Roll als Equipier richteg appreciéiert. Nodeems si dëst Joer schonn den Giro d’Italia Women gefuer ass, steet mat der Grande Boucle hiren zweete Grand Tour vun der Saison um Programm:
"Ech freeë mech einfach allgemeng op den Tour, well et ass einfach déi gréisste Course, och vun de Mediepresenz hier, vum ganze Joer. D'Aarbecht, wann een an den Tour de France geet, ass och vill méi opwändeg an ech freeë mech do, déi Form ze testen, déi ech aktuell hunn. Ech hoffen, dass ech och déi eng oder aner Méiglechkeet kréien, fir an eng Echappée ze goen. Ech mengen et ass ee ganz ofwiesslungsräiche Parkour, dat heescht ech wäert scho meng Chance kréien. Mä et ass ganz kloer, wann ech muss fir d'Ekipp fueren ,da wäert ech dat och maachen."
2023 an 2024 ass déi jonk Sportlerin nach fir d'Ekipp Ceratizit-WNT Pro Cycling Team gefuer a konnt hir éischt Erfarungen an der Grande Boucle maachen. Do ass si op d'Plazen 83 souwéi 98 am Generalklassement komm. Esou wéi bei den Hären den Alex Kirsch, ass et bei den Dammen d'Nina Berton, dat sech ganz fir seng Ekipp asetzt. Als Lëtzebuerger Zäitfuer-Championne kann d'Coureuse op der 4. Etapp vu Gevrey-Chambertin op Dijon op hir eege Kap fueren. D'Cyclistin geet an dësen Tour de France Femmes mat enger rëtsch Confiance:
"Ech mengen, dass et zimmlech änlech zum Giro d'Italia Women vun dëser Saison ass. Villäicht och e bësse méi einfach wéi de Giro, well et si vill Etappen, wou ech meng Stäerkte weise kann. Et ass deelweis zimmlech Klassiker-änlech. Do dertëscht ginn et och mol Etappen, wou net sou vill Bierg dran ass. Mä, déi Etappen, wou e Bierg dran ass, sinn zimmlech schwéier an do hunn ech mäin Job dann ze maachen. Natierlech hunn ech déi leschte Joren an déi leschte Coursse vill geléiert. Ech konnt aus dëse Courssen och vill Confiance erauszéien. Ech ginn dës Course wéi all aner Courssen un. Mat sou vill Motivatioun wéi méiglech an ech probéieren, ëmmer dat Bescht erauszehuelen."
E Samschdeg den 1. August ass dann de Grand Depart zu Lausanne an der Schwäiz. Zwou Etappe ginn an der Schwäiz gefuer, um zweeten Dag geet et vun Aigle op Genf. Da kënnt den Tour de France Femmes zeréck a Frankräich, ier et dann op der 4. Etapp mat engem Zäitfueren zu Dijon weidergeet. Duerno geet et an de Massif Central erof. Op der 7. Etapp geet et erop op de Mont Ventoux. Ier et dann a Richtung Côte d'Azur geet mat der Finall Sonndes den 9. August zu Nice.