Vun en Dënschdegmëtteg unWéinst der Hëtzt gëllt am Süde vum Land eng Alerte jaune

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg, vun der Mëttesstonn u bis Hallefnuecht, gëllt wéinst den héijen Temperaturen eng Alerte jaune am Süde vum Land.
Thermometer weist Temperatur vun iwwer 36 °C
Thermometer an der Sonn
© ARTUR WIDAK/NurPhoto via AFP

Dat melle Meteolux an LU-Alert op hire Sitten. Bei LU-Alert ass ze liesen, datt e "moderaten thermesche Stress" erwaart gëtt. Bei engem méi laangen Openthalt oder kierperlecher Aarbecht dobaussen, wiere Middegkeet oder Erschëpfung méiglech.

Déi weider Entwécklungen zur Alerte kënnt Dir hei oder hei suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO