Luxembourg Beach TourKoppel Kauka/Picht neie Champion bei den Dammen, Hilbert/Weber verdeedegen Titel bei den Hären

RTL Lëtzebuerg
D'Carlotta Kauka an d'Lara Picht sinn déi nei Lëtzebuerger Champione bei den Dammen. Bei den Häre konnten de Colin Hilbert a Steve Weber hiren Titel verdeedegen.
© Tiago Baptista

Bei de Luxembourg Beach Open goufen de leschte Weekend déi nei Lëtzebuerger Championen am Beachvolleyball decidéiert.

Bei den Dammen huet d'Koppel mat der Carlotta Kauka an der Lara Picht de Championtitel geholl. Si hu sech an der Finall mat engem 2:0-Succès (21:18, 21:19) géint d'Laura Ruellan an d'Nadja Schaus duerchgesat. An enger Partie op Aenhéicht konnt keng Ekipp sech ee gréisseren Avantage erausspillen, sou datt et bis zum Schluss spannend bliwwe war. An den decisive Momenter waren d'Kauka a Picht awer do, fir de Sak zouzemaachen. Bronze gouf et fir d'Nati San Martin an d'Gosia Plusa.

Bei den Hären huet den Duo Colin Hilbert a Steve Weber mat enger staarker Leeschtung de Championstitel verdeedegt. An der Finall hu si mat 2:0 (21:18, 21:13) géint de Lucas Pernossi an de Mathis Wolff gewonnen. Si ware vun Ufank gutt am Match an hunn d'Partie kontrolléiert. Wärend den éischte Saz nach bësse méi ausgeglach war, hu si spéitstens am zweete Saz hir Stäerkt gewisen an um Enn verdéngt den Titel mat Heem geholl. Bronze hu sech de Chris Zender an de Chris Zuidberg geséchert.

© Tiago Baptista

Back to Top
CIM LOGO