Pionéier vun der elektronescher MusekDéi däitsch Band Kraftwerk kënnt op Lëtzebuerg
Nom Enn vun hirer weltwäiter Concertstour kënnt déi däitsch Elektro-Band Kraftwerk am Summer op Lëtzebuerg.
Verëffentlecht: 14.03.23 10:03, Update: 14.03.23 10:17
Dat fir en Open-Air-Concert an der Abtei Neimënster den 12. Juli. D'Tickete ginn en Donneschdeg de 16. Mäerz um 10 Auer moies um Internetsite vum Atelier an d'Vente.