Ex-Bandmember vu Söhne MannheimsMarlon B. op Jamaika erschoss ginn

RTL Lëtzebuerg
Wéi verschidden jamaikanesch Medie mellen, ass de Rapper Marlon B. dout. Hie soll Affer vun engem Gewaltverbrieche gi sinn.
"Love is unseen, Love is your dream, But love is no dream, Love is so real, Even though it’s unseen" mat dëse Wierder huet d'Band Äddi gesot.
"Love is unseen, Love is your dream, But love is no dream, Love is so real, Even though it’s unseen" mat dëse Wierder huet d'Band Äddi gesot.
© Instagram Söhne Mannheims / kadircalisan

Den Ex-Bandmember vun de Söhne Mannheims, de Marlon B., soll bei engem Iwwerfall op eng Bar op Jamaika erschoss gi sinn. Dat hu verschidden jamaikanesch Medie gemellt, d'Bild-Zeitung hat d'Nouvelle opgegraff.

E Mëttwoch wier et matten am Dag zum Gewaltverbriechen an enger Bar an der Robin's Bay un der Nordküst vun Jamaika komm. Onbekannter sollen do bäigefuer sinn, erausgeklomme sinn, déi dräi Persounen an der Bar erschoss an dono geflücht sinn. Bei den Affer soll et sech ëm dräi Männer handele vun 22, 42 a 60 Joer. Ënnert hinnen de Marlon B. James, de Proprietär vun der Bar.

Op der Instagram-Säit vun der Band war en Donneschdeg den Owend e Bild vum Rapper ze gesi mam Hashtag "RIP"

Bis 2017 war de Marlon B. e Member vu Söhne Mannheims, war mat Responsabel fir den erfollegräichen Album "Noiz" a Co-Writer vun "Das hat die Welt noch nicht gesehen". Dëse Song war um Studioalbum "Iz On", op deem de Marlon B. ënner anerem den Titelsong gerappt hat.

Back to Top
CIM LOGO