Am Fokus war d'Ausstellung "Fiat Lux", déi am Kader vum 10. Anniversaire vun De Mains De Maîtres Luxembourg 27 Lëtzebuerger Créateuren an Handwierkskënschtler mat méi wéi 60 Wierker presentéiert. Bei der Vernissage waren och de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse dobäi.
Och de Lëtzebuerger Filmsecteur war op der Mostra di Venezia vertrueden. De Film "Artou" vum Abderrahmane Sissako, eng Lëtzebuerger Koproduktioun, gouf an der Sektioun Venice Immersive gewisen. "Guria" vum georgesche Regisseur Levan Koguashvili, och mat Lëtzebuerger Bedeelegung, gouf an der Sektioun Venezia Spotlight presentéiert.
De Grand-Duc an Grande-Duchesse erliewen d’Lëtzebuerger Kreativitéit zu Venedeg © Maison du Grand-Duc, MCult

Groussherzoglech Koppel zu Venedeg
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Donieft hunn de Grand-Duc, d'Grande-Duchesse an den Eric Thill de Lëtzebuerger Pavillon op der 61. Biennale d'art besicht, wou d'Kënschtlerin Aline Bouvy Lëtzebuerg mat hirem Projet „La Merde“ vertrëtt. Um Programm stoung och e Besuch vun Homo Faber op der Insel San Giorgio Maggiore.
Op der 61. Biennale zu Venedeg
Zu Venedeg leeft den Ament eng vun de gréisste a renomméiertste Konschtfoiren.
Domat sollt zu Venedeg d'Diversitéit vun der Lëtzebuerger Kultur – vum Film iwwer zäitgenëssescht Konscht bis bei d'Konschthandwierk – international méi siichtbar gemaach ginn.