
Am Zoo vun der japanescher Haaptstad Tokyo sinn an der schmeierer Hëtzt dräi Léiwinne gestuerwen. Den Déierendokter vum Zoo géif vun engem Hëtzschlag als Doudesursaach ausgoen, sou eng Spriecherin géigeniwwer der Noriichtenagence AFP. Déi verstuerwen Déiere ware deshydratéiert an et gouf e multipelt Organ-Versoe bei hinne festgestallt. Eng Rei weider Léiwe ginn den Ament behandelt.
Zanter Mëtt Juli géifen 10 vun de 16 Léiwe vum Déierepark Symptomer wéi Appetitlosegkeet an eng geréng Aktivitéit weisen, heescht et weider vum Zoo. D'lescht Woch wieren dann noeneen dräi weiblech Déiere gestuerwen.
D'Spriecherin vum Zoo huet drop higewisen, dass Léiwen Hëtzt eigentlech gutt verdroen. Ma d'Hëtzt a Japan wier awer däitlech méi fiicht ewéi déi an Afrika. Iwwerdeems wier d'Hëtzt a Japan dëst Joer op ee Coup komm, dat direkt no der Reenzäit. Zanter Wochen ginn am Land ëmmer nees Temperature vu 40 Grad Celsius gemooss.