Déi asiatesch Runn, eng Harespel- oder Hornissenart aus Asien, gouf fir déi éischte Kéier 2004 a Frankräich nogewisen an huet sech vun do aus zu Lëtzebuerg ausgebreet. Eenheemesch Beien an Bommele sti wäit uewen um Iessplang vun den asiatesche Runnen. Des bréngt d'Biodiversitéit aus dem Gläichgewiicht a kann esou op laang Siicht zum Problem fir d'Natur an de Mënsch ginn, sou de Nick Heiter, deen op der biologescher Statioun beim Ëmwelt- a Naturschutzsyndikat SIAS schafft.
"Wat elo d'Geforen ugeet, kann ee soen, dass se haaptsächlech eng Gefor fir d'Biodiversitéit ass, well se virun allem eenheemesch Bestëbseraarten wéi Hunnegbeien an och aner Insekte frësst, fir hir kleng Larven ze fidderen. An am Spéitsummer, wann hiert Vollek ganz grouss ass, brauch se vill Narung. An da geet se och vermehrt un Hunnegbeien (…). An domat déi eenheemesch Bestëbser, déi schonn duerch aner Aflëss wéi Pestiziden oder d'Veraarmung vun der Landschaft scho bedreet sinn, ginn duerch déi asiatesch Hornissen nach méi ënner Drock gesat."
Iwwer Container aus Asien sinn dës Insekten an Europa komm. Duerch déi ëmmer méi waarm Temperature ka sech d'asiatesch Runn och an eise Géigenden ausbreeden. Se ass allerdéngs e bësse méi kleng wéi déi eenheemesch Horniss. Erkenne mécht ee se virun allem un hire giele Been, sou de Nick Heiter.
"Si hunn esou e giel oranget Gesiicht, hire Kierper wierkt éischter donkelbrong bis schwaarz mat enger oranger Sträif hannen um Hënner. Dorunner erkennt een se relativ gutt a si hu giel Been. Dat ass e gudden Ënnerscheedmerkmal zu den eenheemeschen Aarten, déi éischter méi giel/brong wierken, wéi lo schwaarz/orange."
Déi asiatesch Runn kann zwar de Mënsch picken, ass awer net méi aggressiv wéi déi eenheemesch Aarten. Besonnesch virsiichteg soll een allerdéngs an der Géigend vun hire Näschter sinn, well se dës staark verdeedegt. Leit, déi mengen, esou en Nascht bei sech an der Géigend ze hunn, kënnen sech beim Ëmwelt- a Naturschutzsyndikat SIAS oder anere regional Acteure mellen. Wien eng spezialiséiert Firma engagéiert, fir esou en Nascht fort maachen ze loossen, kann dono och iwwer MyGuichet e Subside ufroen.