D'Wëld an der CaniculeD'Wëld ass gestresst, brauch hei am Land awer keng Hëllef vum Mënsch, sou d'FSHCL

Monique Kater
Net all d'Experte sinn awer der Meenung, datt d'Wëld an eise Bëscher aktuell genuch Waasser fënnt.

Bei eisem däitsche Noper féieren d'Jeeër elo an der Canicule reegelméisseg Waasser an der Bësch an op d'Gewan, fir dem Wëld ze hëllefen. Dat gesäit een a ville Reportagen an Däitsche Medien. Zu Lëtzebuerg ass een do awer méi cool! D'Jeeërdeferatioun stellt fest, dass d'Déieren nach genuch Fiichtegkeet an der Natur fannen, an dass eng Interventioun haut nach net néideg wier. Eng Ausso bezunn op dat ganzt Land!

De Marc Reiter huet seng Juegd bei Nuechtmanescht, an ënnen duerch den Dall kréicht d'Stol, den Ament éischter suddeleg, mee dofir, wéi et schéngt awer klimaresistent. Dass hei Wëld op Besuch kënnt, gesäit een um Bulli un de Blieder, kréie mer erkläert, an och un de Wiessel, de schmuele Weeër, déi aus dem Bësch bei d'Baach féieren.

Keen Zweiwel: D'Wëld leit ënnert den héijen Temperaturen, huet Stress, seet de Jeeër, präziséiert dann awer, dass et an eise Bëscher ëmmer nach Fiichtegkeet gëtt, an dass, wann d'Déieren no Waasser sichen, se dat net prioritär maachen, well se Duuscht hunn! Se sichen d'Sulen. Si, dat sinn Hirsch a Wëllschwäin, deenen hir Hygiène eppes wäert ass.

Prioritär hëlt d'Wëld Waasser duerch seng Narung op

Den Da, dee sech an de Moiesstonnen op d'Wise leet. Alles schéin a gutt, mee wou ass deen Da dann, den Ament, bei där enormer Dréchent? Dach, dach, insistéiert de Vizepresident vun der Jeeërfederatioun FSHCL, a seet eis, dass – wann ee mat Waasser fir d'Wëld erausfiert, dat fir an d'Sule geduecht wier. Hie kéint sech net erënneren, dat schonn eng Kéier gemaach ze hunn! An, wéi gesot, et bräicht een dat och net ze maachen hei bei eis.

Op där anerer Säit vun der Musel si se do awer anerer Meenung. 1.000 bis 1.500 Liter ginn do reegelméisseg eraus, erkläert e Jeeër an engem Reportage op der ARD.

Waasser bréngen elo net néideg, seet d'Federatioun an dat géing fir dat ganzt Land gëllen!

Biller vun enger Wëldkamera weise effektiv Schwäin, déi eng naass Panns hunn, sech also gesult hunn. An och soss Wëld gesäit een op den Nuetsbiller. Schlecht schéngt et de Schwäin net ze goen.

De Marc Reiter huet a sengem Revéier eng ganz Partie Quelle respektiv Baachen. Dat Revéier gëtt iwwerwaacht, duerch eben d'Wëldkameraen, an hie wier selwer och all Dag am Bësch.
Eng 40 Minutte vun Nuechtmanescht ewech ass den Alain Jaans als Juegdhidder an der Géigend vu Kéiber an der Gemeng Groussbus-Wal aktiv.

Net verallgemengeren a virun allem genee iwwerwaachen

D'Situatioun wier net iwwerall am Land déi selwecht, seet de Juegdhidder a widdersprécht domadder dem Vizepresident vun der Jeeërfederatioun. Viru ronn 8 Joer hätt hie schonn emol Waasser a Sule gefouert, mee do wier d'Dréchent bäi wäitem net esou uerg gewiescht wéi haut. Waasser hätt hien, dee sech ëm e grousst Revéier am Éislek bekëmmert, awer bis elo och nach keent bei d'Wëld bruecht. An dat obschonns d'Dierbech, d'Baach an hirem Lous, dréche wier!

Mat Hëllef vu moderner Technik kéint an hirem Revéier e ganz strenge Monitoring gemaach ginn a wann dem Wëld säi Stress ze vill oder nach méi grouss géif, géinge si intervenéieren an, do wou et méiglech wier, Waasser an d’Sule bréngen.

Esou eng Interventioun ass dem Marc Reiter no awer net onbedéngt richteg: Waasser erausféiere wier sech an d'Natur amëschen a géif d'Wëld stéieren an deemno wéi, nach méi stressen. Net beäntwert bleift um Enn d'Fro, firwat heivir an Däitschland d'Jeeër eng Interventioun fir néideg halen. Esou verschidde schéngt eis d'Topologie dann awer net!

Back to Top
CIM LOGO