Um Donneschdeg gouf et e gréissere Feldbrand zu Boxer. Eng 60 Pompjeeë waren op der Plaz fir d'Feier an de Grëff ze kréien. Tëscht eng bis zwou Stonnen hunn d'Läschaarbechte gedauert. D'CISe vu Klierf, Ëlwen, Wëntger a Wolz waren am Asaz. "Op enger Surface tëscht siwen an zéng Hektar huet et um Feld gebrannt. Et war och zum Deel an engem Hang an et war och e bëssi Loft opkomm. Doduerch hat d'Feier sech nach eemol op verschiddene Plazen ausgebreet. Mam richtege Material op der richteger Plaz hu mir de Brand dunn awer séier ënner Kontroll kritt", sou de Pompjeeskommandant vu Wëntger Paul Thines am RTL Interview.
Wärend ronn enger Stonn gouf zu Boxer um Feld um Freideg nogeläscht. "De Probleem ass hei am Hang. Et war Gënz hei. D'Gras brennt am Buedem. Wann een e bëssi schäert da kennt de Brand nees zum Virschäin. Mir kennen ëmmer nëmmen läschen. Eventuell musse mir e Samschdeg nach eemol zréck noläsche kommen. Mir wëllen elo näischt opkomme loossen".
"Mir si praktesch all Dag ee bis zwee Mol ënnerwee"
Fir en normalen CIS wär dat vill. Dëst verréit mir de Paul Thines: "Eleng hei zu Wëntger ware mir dee leschten annerhalwe Mount 21 Mol eraus. Op Entsteehungsbränn. Richteg grouss Bränn hate mir och. Noläschaarbechte ginn et och reegelméisseg. Och de Moie fir op d’Noläschaarbechten zu Boxer hate mir op engem Bauerebetrib en Trakter dee gebrannt huet. Dee Brand hu mir séier gestoppt kritt".
Net méi spéit ewéi iwwer d'Mëttesstonn um Freideg waren d'Pompjeeë vu Wëntger eng weider Kéier gefuerdert. Op der RN90 tëscht Reiler a Maarnech am Naturpark Our huet e Feld gebrannt.
"Eis Fräiwëlleger si gefuerdert"
Op Studenten, déi Vakanz hunn, kann den CIS Wëntger den Ament zréckgräifen. "Och eis Gemengenaarbechter paken Hand mat un. Si stinn eis daagsiwwer zur Verfügung. An och déi Leit, déi Schichte schaffen. Doriwwer eraus gëtt et e Betrib, déi hir Leit fräi stellen, fir hëllefen ze kommen".
"Et ass béiss dréchen"
Nieft den Nolbeem fänken d'Lafbeem och un dréchen ze ginn: "D’Bierke verdréchnen. Sinn et zum Deel schonns. D'Blieder sinn dier. Sou entsteet eng grouss Gefor."
Och wann een elo an de Bësch spadséiere geet, gëllt et opzepassen.