
Fir d'Patrizia van der Weken geet et direkt den éischten Dag lass. Bei der leschter Europameeschterschaft 2024 zu Roum hat si eng gutt véiert Plaz realiséiert, wëll dëst Resultat awer elo zu Birmingham verbesseren. Wéinst hirer gudder Placéierung an der Weltranglëscht, d'Plaz 14, an och europäescher Placéierung, Plaz 4, huet si sech e Méindeg direkt fir d'Halleffinall qualifizéiert an huet um Moien net missten an de Virleef untrieden.
Um Méindeg den Owend leeft d'Lëtzebuergerin an der éischter Halleffinall ënner anerem géint d'Brittin Dina Asher-Smith oder déi däitsch Gina Lückenkemper. Déi zwou éischt Leeferinne plus déi zwou séiersten Zäiten aus den dräi Halleffinalle packen de Sprong an d'Finall.
De 24 Joer ale Ruben Querinjean trëtt am 3.000 Meter Steeple un. Dat ass déi Disziplin, an där hien dat lescht Joer bei de University Games an Däitschland Gold gewonnen hat. Als 13. vun der Weltranglëscht huet hien zu Birmingham Chancen op eng topp Placéierung. Hien huet säin éischten Optrëtt den Donneschdeg beim 1. Tour vum Steeple.

Déi 29 Joer al Vera Bertemes huet sech fir d'Europameeschterschaft duerch hir Plaz an der Weltranglëscht fir d'1.500 Meter Course qualifizéiert.
D'Lëtzebuerger Leeferin wäert bei zwou Disziplinnen untrieden, den 1.500 Meter an de 5.000 Meter. Et wäert déi éischte Kéier sinn, datt d'Vera Bertemes op dem internationalen Niveau bei de 5.000 Meter matleeft.
5.000 Meter
1.500 Meter
