
D'Famill aus Versailles bei Paräis war Ufank August mam Auto ënnerwee an dat franséischt Dévoluy, wéi si op enger Aire eng Paus gemaach hunn. Och d'Kaz duerft mat eraus an hat extra eng Léngt ukritt. D'Chanel konnt sech awer aus dem Halsband lassrappen an huet sech ewechgemaach, wéi et vun der Famill an engem Interview mam Le Parisien heescht.
Amplaz weiderzefueren, ass d'Famill do bliwwen. Si hu sech net wäit ewech en Hotelszëmmer gebucht a sinn annerhallef Woch an der Géigend vun der Aire de L'Isle-d'Abeau südlech vu Lyon bliwwen, fir no hirer Kaz ze sichen.
Leider hat hir Sich kee Succès an d'Famill ass antëscht nees doheem. Si ginn d'Hoffnung allerdéngs net op, hire véierbeenege Familljemember awer nach erëmzekréien. Soubal si nees Zäit hunn a soulaang d'Chanel net fonnt gouf, fuere si déi ronn 500 Kilometer bis bei d'Aire a siche weider.