
Lokal Bauere ware sech sécher, dass tëscht Bruechtebaach an Eschweiler de Wollef säin Onwiese géif dreiwen. D‘Naturverwaltung wollt deemools op d‘Resultater vun de Prouwe waarden, hat duerno awer net méi vu sech aus kommunizéiert.
Et gouf nämlech kee Wollef nogewisen. Dat gouf RTL op Nofro hi gewuer. D'Naturverwaltung hat déi Informatioun awer och schonn an Äntwerten op parlamentaresch Froe vun DP- respektiv LSAP-Deputéierte weiderginn.
Bei engem Kadaver konnt allerdéngs och net ausgeschloss ginn, dass e Wollef am Spill war, deemno gëtt de concernéierte Bauer dem Reglement no an deem Fall zu 75 Prozent entschiedegt.