Vum 19. bis den 30. AugustCR322 a Vëlospist PC21 tëscht Kautebaach a Konstem gespaart
Tëscht Kautebaach a Konstem gi vum 19. bis den 30. August Beem ewech gehaen, woufir d'Streck an d'Vëlospist tëscht béiden Dierfer deen Ament gespaart ginn.
Verëffentlecht: 18.08.24 23:11, Update: 18.08.24 23:11
Méi genee sinn den CR322 an de PC21 vun e Méindeg, dem 19. August um 8 Auer bis e Freideg, den 30. August um 17 Auer fir den Trafic zou.
D'Deviatioune ginn iwwer Housen, Näidsen, Wëlwerwolz an Draufelt.
Link: Dat ganzt Schreiwes vu Ponts et chaussées fannt Dir hei.