Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDe Leandro Barreiro schéisst 2 Goler bei Benfica-Victoire

RTL Lëtzebuerg
An Däitschland gouf et ee Remis fir Hansa Rostock mam Florian Bohnert, wärend de Luc Holtz an den Hamza Kadamani eng souverän Victoire mat Metz feiere konnten.
De Leandro Barreiro huet e Samschdeg 2 Goler markéiert.
© BEN GAL ORANGE PICTURES DPPI VIA AFP

Um Samschdeg den Owend konnt Benfica sech duerch 2 Goler vum Leandro Barreiro zu Madeira géint Maritimo duerchsetzen. No 7 Minutten huet de Golkipp vu Maritimo ee Schoss no vir an de Strofraum ofpralle gelooss, wou de Barreiro richteg stoung an aus 12 Meter den 1:0 schéisse konnt. An der 71. Spillminutt ass de Barreiro no engem Corner zum gudde Moment agelaf a konnt esou per Kapp op 2:0 stellen. Um Enn huet Benfica 3:0 gewonnen a bleift domat weider ongeschloen. Et sinn dem Lëtzebuerger Nationalspiller seng éischt zwee Goler vun der Saison.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Primeira Liga

An der franséischer Ligue 2 huet Metz ënnert dem Luc Holtz déi 2. Victoire vun der Saison gefeiert. Mat 4:1 huet ee sech doheem souverän géint Rodez duerchgesat, ënner anerem duerch en Hattrick vum Fall. De 16 Joer jonken Hamza Kadamani ass eng Véierelsstonn viru Schluss agewiesselt ginn.

An der 3. Liga an Däitschland waren e Samschdeg um 4. Spilldag och e puer Lëtzebuerger am Asaz. Hansa Rostock mam Florian Bohnert ass doheem net iwwert en 1:1 géint den Tabelleleschte Wehen Wiesbaden erauskomm. De Bohnert stoung an der Startformatioun a gouf an der 74. Minutt beim Stand vun 1:0 fir d'Rostocker ausgewiesselt. Hien hat kuerz virun der Paus eng giel Kaart kritt.

Donieft huet Mannheim sech doheem mussen 0:1 géint Verl geschloe ginn. De Vincent Thill ass beim Waldhof eng knapp hallef Stonn viru Schluss erakomm, hie konnt d'Defaite awer och net méi verhënneren.

Freideg

Um 24. Spilldag vun der 1. georgescher Divisioun gouf et eng wichteg Victoire fir Dinamo Batumi beim Tabelleleader Rustavi. Mat 1:0 konnt d'Ekipp vum Dirk Carlson sech duerchsetzen, woumat een als Tabellenzweeten just nach e Retard vun zwee Punkten op Rustavi huet. De Carlson stoung déi 90 Minutten um Terrain a krut an der 76. Minutt eng giel Kaart.

Back to Top
CIM LOGO