
Bei de Landtagswalen a Sachsen-Anhalt weist sech schonn eng däitlech méi héich Walbedeelegung wéi nach viru 5 Joer. Bis d'Mëttesstonn haten offiziellen Donnéeën no knapp 35 Prozent vun de Walberechtegten hir Stëmm ofginn. Dat sinn 10 Prozentpunkte méi wéi 2021 ëm déi nämmlecht Zäit.
Den Ament regéiert zu Magdeburg eng Koalitioun aus CDU-SPD an FDP. Déi Liberal kommen an den aktuellen Ëmfroen awer op grad mol 3 Prozent a wieren also ganz ecartéiert. D'Sozialdemokrate leie just nach bei 8,5% an d'CDU bei 23%. Wäit vir op éischter Plaz zanter Wochen steet d'AfD mam Spëtzekandiat Ulrich Siegmund. Déi lescht Sondagen rechnen mat 41% Zoustëmmung. Domadder kéint d'AfD duebel esou vill Stëmme kréie wéi bei de leschte Walen. A Sachsen-Anhalt ass de Landesverband vun der AfD ëm de Spëtzekandidat Ulrich Siegmund vum däitsche Landesverfassungsschutz als geséchert rietsextremistesch agestuuft.
Eng Zesummenaarbecht mat der AfD hunn déi aner Parteien ausgeschloss. Et kéint deemno op eng Minoritéitsregierung ënner Ëmstänn rauslafen, well d'CDU och eng Koalitioun mat der Linkspartei formell refuséiert. Déi éischt Héichrechnungen si fir 18 Auer e Sonndeg den Owend annoncéiert.
Och international suergen d'Walen a Sachsen-Anhalt fir groussen Interessi. Iwwer 800 Journalisten aus der ganzer Welt si fir dëse Sonndeg akkreditéiert.
An zwou Wochen stinn da schonn déi nächst Landtagswalen un. Da gëtt a Mecklenburg-Vorpommern an zu Berlin gewielt.