
Automobilisten, déi vum Kierchbierg a Richtung Norde wollten, hunn um Mëttwoch de Moie vill Gedold gebraucht. D'Autobunn A7 a Richtung Norde war vum Waldhaff u vu 5:20 Auer u fir den Trafic gespaart, dat nodeems géint 5:15 Auer eng Dampentwécklung am Tunnel Grouft gemellt gouf. Dat krute mer op Nofro beim CGDIS matgedeelt.
De Réckstau am Raum Waldhaff goung quasi an all Richtungen, zeréck bis op d'A1 an op der N11 a Richtung Eech, grad ewéi Richtung Gonnereng.
Um 8:19 Auer war et d'Meldung, dass béid Tunnellen (Stafelter a Grouft) a Richtung Norden nees fir den Trafic op sinn. De Stau huet sech vun deem Ament un nees lues awer sécher opgeléist.

D'Freed, dass d'Autobunn nees op wier, war awer net vu laanger Dauer. Um 9:43 Auer war et d'Meldung vum CITA, dass d'A7 a Richtung Norden nees vum Waldhaff bis op Luerenzweiler "bis op Weideres" fir den Trafic gespaart ass. D'Aarbechten hunn nach emol bis kuerz virun 12 Auer gedauert. Um 11:54 Auer koum d'Meldung, dass d'A7 nees a Richtung Norden op wier.
An de leschte Woche ginn nuets jo d'Ventilatoren am Tunnel Grouft gefléckt, respektiv ersat, nodeems technesch Mängel opgefall waren, déi elo behuewe ginn. Dass en defekte Ventilator Ausléiser vun der Dampentwécklung kéint gewiescht sinn, huet de Ralph Di Marco vu Ponts et Chaussées op Nofro hin dementéiert. Et kéint ee confirméieren, dass d'Ventilatoren net den Ausléiser waren.
Aktuell geet ee staark dovunner aus, "dass sech an der Zäit vu Januar bis elo, wou jo déi lénks Spuer gespaart war, Stëbs um Trottoir ugesammelt huet, an dass deen duerch de Verkéier haut de Moien opgewirbelt an als Damp erkannt gouf. Eis Ekippe vum CIEA haten an der Nuecht zwar intensiv déi lenks Spuer gebotzt, mee dëst war anscheinend net duergaangen, et war es warscheinlech einfach ze vill", esou de Ralph Di Marco, dee preziséiert, dass déi lénks Spuer dëse Mëttwoch nees fir den Trafic opgaangen ass, nodeems se méintlaang zou war.
Deemno sinn elo nees déi zwou Spueren am Tunnel Grouft a Richtung Norden op an den Tempolimitt läit nees bei 90 km/h amplaz 70.
A Richtung Stad bleift aktuell nach eng Spuer gespaart an den Tempolimitt ass hei och nach ëmmer 70.