Meteolux warntTëscht 17 an 23 Auer kéint et zu Donnerwiedere mat staarkem Wand kommen

RTL Lëtzebuerg
Nieft enger Hëtztwarnung bis en Dënschdeg den Owend warnt Meteolux elo och virun Donnerwiedere mat staarkem Wand e Méindeg tëscht 17 an 23 Auer.
Foto vun engem Blëtz iwwer Lëtzebuerg am Juni 2024.
© RTL

Meteolux huet e Méindeg zwou Alerte jaunen erausginn. Nach bis en Dënschdeg den Owend 23:59 Auer gëllt eng Hëtztwarnung. Erwaart gëtt e "moderaten thermesche Stress". Bei engem méi laangen Openthalt oder kierperlecher Aarbecht dobaussen, wiere Middegkeet oder Erschëpfung méiglech.

Fir e Méindeg warnt Meteolux iwwerdeem viru lokalen Donnerwiedere mat Wandvitesse vu bis zu 80 km/h. Bannent kuerzer Zäit kéinten tëscht 15 a 25 l/m2 Reen erofkommen, lokal kéinten et och zu Knëppelsteng kommen. D'Alerte jaune gëllt tëscht 17 an 23 Auer. An der Nuecht op en Dënschdeg kéint et dann nach zu liichte Schauere kommen.

© Meteolux

Back to Top
CIM LOGO