D'Dréchent an d'Hëtzt vun deene leschte Wochen hunn der Natur deels zolidd zougesat. Ma wéi gesäit et mat den Drauwen aus, wat fir een Impakt wäert d'Wieder op d'Lies an de Cru vun dësem Joer hunn?
Dat froe mer de President vun de "Privatwënzer Lëtzebuerg". De Jeff Konsbrück ass eisen Invité vun der Redaktioun. Mat him schwätze mer och iwwert déi net ëmmer ganz einfach Sich no qualifizéierte Saisonsaarbechter an déi generell Situatioun vun de Wënzer an Zäiten, wou d'Leit ëmmer manner Alkohol drénken.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.