
Wéi et vun den Autoritéiten heescht, hätt d'Feier sech an der Nuecht op e Samschdeg net weider ausgebreet. De Viruert Gey mat senge knapp 1.800 Awunner war jo d'Nuecht virdrun evakuéiert ginn, fir den Ament soll dat aus Sécherheetsgrënn mol nach esou bleiwen. Vum Landkrees Düren heescht et weider, d'Brandlag am Gebitt an der Äifel wier "statesch" an d'Brandfläch hätt sech net vergréissert. Den Ament géif och Wand aus dem Norden opzéien, et ass onkloer, wéi sech dat op d'Situatioun auswierke wäert. An der Nuecht haten dowéinst d'Pompjeeën hir Asazzentral musse verleeën. Och d'Bundeswehr ass mat Panzeren am Asaz, fir Schneisen an de Bësch ze maachen an esou d'Feier anzedämmen. D'Läschen ass hei extra komplizéiert well um betraffenen Territoire nach Weltkrichsmunitioun läit, déi och duerch d'Feier reegelméisseg explodéiert. Dofir kéint ee keng eenzel Pompjeeë mat Läschrucksäck dohi schécken, esou déi Responsabel op der Plaz.
D'Residenten aus den Uerter Vossenack, Hürtgen, Kleinhau a Simonskall goufen dozou opgeruff, spuersam mat Waasser ëmzegoen.
Bei de Läschaarbechten e Freidegowend, bei deenen och e Läschhelikopter am Asaz war, sinn dem Landkrees no fënnef Secouriste blesséiert ginn.
An och direkt hannert der Grenz am beléifte belschen Naturschutzgebitt Héicht Venn brennt et zanter e Freideg uerg. Betraff ass d'Géigend ronderëm Baelem, Richtung Baraque Michel. Schonn 850 Hektar si verbrannt. D'Feier verbreet sech mat 10 Kilometer an der Stonn an zousätzleche Renfort ass dofir aus anere Provënzen an aus Däitschland ukomm. D'Strooss tëscht Verviers a Spa ass komplett gespaart. An d'Leit sinn opgeruff, d'Géigend z'evitéieren.
