
Wéi Portal vum Bundesamt für Bevölkerungsschutz und Katastrophenhilfe (BBK) "warnung.bund.de" matdeelt, kann et an Deeler vum Krees Bitburg-Prüm dozou kommen, datt et no engem Feier oder Brand richt. De Grond dofir wieren effektiv verschidde Bësch- a Vegetatiounsbränn déi am Ëmkrees vum Äifelkrees aktuell aktiv sinn. Vun der offizieller däitscher Warnsäit heescht et, datt dëst zu "Gerochsbelästegungen oder och Dampnéierschlag" ka féieren.
Dëst bedeit also net direkt, datt et direkt an der Ëmgéigend muss brennen, mä datt duerch d'Loft dëse Geroch an Damp méi wäit kann transportéiert ginn. Déi däitsch Autoritéite ruffen d'Bierger awer och op, fir selwer d'Aen opzehalen, ob et zu Bränn oder Dampentwécklungen an hirer direkter Ëmgéigend kënnt, well dëst bei den aktuellen Temperaturen an der Dréchent net auszeschléissen ass.
An de soziale Medien ass dann och ze liesen, datt vill Leit op der Lëtzebuerger Säit vun der Grenz en Dampgeroch festgestallt hunn. Dëst gëtt aus der Kaart, déi de BBK verëffentlecht huet, och ervir. Betraff sinn hei vu Lëtzebuerger Säit haaptsächlech d'Regioune laanscht d'Our an d'Sauer erof, ongeféier tëscht Ënnereesbech an Iechternach.