
Kee gudde Start e Samschdeg fir den neie President a Kolumbien. Direkt um éischten Dag vum rietse Politiker an Trump-Sympathisant Abelardo de la Espriella senger Amtszäit gouf et zwee Bommenuschléi op zwou verschiddene Plazen am Land.
Wéi déi kolumbianesch Autoritéite mellen, gouf et e Samschdeg de Moien an der Géigend vun der Stad Cali eng Explosioun op engem Peage. Dobäi goufen zwee Sécherheetsbeamte liicht blesséiert. Eng 1.000 Kilometer nërdlech gouf et eng weider Bommenattack op eng Policestatioun. Ee Polizist ass gestuerwen.
Hannert den Uschléi solle Guerilla-Kämpfer stiechen.